Ausland: Guangdong an Hainan ënnert dem Afloss vum Taifun KOINU

Den Taifun KOINU, deen de 5. Oktober iwwert de Süde vun Taiwan ewechgezu war, hëlt elo Guangdong esouwéi och Hainan an d’Viséier.

Advertisement

Grousse Schued am Süde vun Taiwan

De 5. Oktober, also de vergaangenen Donneschden, war den Taifun KOINU iwwert de Süde vun Taiwan ewechgezunn. Méi wéi 300 Mënsche goufe blesséiert, an 333.000 Haushalter war de Stroum fort. Et war de bis ewell zweeten Tropestuerm fir dëst Joer, deen op Taiwan getraff ass. D’Wiederstatioun zu Lanyu hat wärend dem Passage vum KOINU e maximale Wandstouss vun 343 km/h registréiert – dëst ass déi héchst Wandvitesse, déi jeemools um asiatesche Kontinent konnt gemooss ginn.


Loop vum Satellittebild vum KOINU | Animatioun: tropicaltidbits.com

Elo Guangdong an Hainan betraff

De Stuerm läit an Tëschenzäit mat sengem Zentrum südlech vun Hong Kong a produzéiert duerchschnëttlech Wandvitesse vun 140 km/h. En ass a Richtung Westen ënnerwee a wäert vu muer un op Südwesten dréinen. Doduerch ass domat ze rechnen, dass de KOINU an der Nuecht op den Dënschden zu Hainan u Land geet – dëst dann awer nëmme nach a Form vun engem tropesche Stuerm a net méi als Taifun. D’Wandvitesse sollen dann nach an der Moyenne bei 75 km/h leien.


De KOINU a säi weidere Parcours | Grafik: JTWC

De Wand gëtt also ëmmer manner en Thema, mee de Reen ass awer eent. Besonnesch am Raum Hong Kong selwer rechnen d’Modeller bis de Méindenomëtten 15 Auer mat Zommen vun iwwer 300 l/m². Um weidere Wee a Richtung Hainan gëtt de Reen och ëmmer manner markant, soudass de Stuerm méi oder manner ongeféierlech sollt do ënnen ukommen.