
Déi lescht Stonne vum Hurrikan DANIELLE
Den Hurrikan DANIELLE ass den éischten Hurrikan vun der Hurrikansaison – e spéide Start, well d’Saison geet all Joer den 1. Juni un. D’DANIELLE ass en Hurrikan vun der éischter Kategorie op der Saffir-Simpson Skala a generéiert Wandvitesse vun 130 km/h an der Moyenne. Nach bis muer de Mëtte soll sech näischt um Status vum Stuerm änneren, ier et dann en aussertropesche Stuerm gëtt – e verléiert also all d’Eegeschaften, déi een Tropestuerm opweist.

Als Ex-Hurrikan DANIELLE, mee eben a Form vun engem aussertropesche Stuerm, soll de Stuerm de NOAA-Projektioune no de Méinden tëscht Portugal a Spuenien u Land treffen. Dobäi sinn, nieft engem Batz Reen, nach Wandspëtzte vun tëscht 80 an 105 km/h méiglech.