Ausland: Tornado riicht zu Venedeg gréissere Schued un

Duerch d’Déif FÖLKE hu sech den Donneschden Donnerwieder forméiert, duerch déi zu Venedeg mindestens een Tornado entstan ass. Et ass gréissere Schued opgetrueden.

Am Beräich vun engem Donnerwieder, ausgeléist duerch d’Déif FÖLKE, huet sech um Donneschdemoien en Tornado direkt bei Venedeg forméiert. E puer Medieninformatioune no soll et sech esouguer ëm 3 Waterspouts (Tornadoen iwwer Waasser) gehandelt hunn, déi dunn vum Mier aus u Land gezu sinn. D’Wirbelstierm hu sech iwwert der waarmer Adria forméiert an hunn iwwer Land gréissere Schued ugeriicht.

Dëse Video weist een vun den dräi Tornadoen | via Bagni Miki, Facebook

An hei nach e Video vum Schued. Quell: BPP Meteo – Bassa Pianura Padana, Facebook