Ausland: Tsunamiwarnung no staarkem Äerdbiewen am Golf vun Alaska

Am Golf vun Alaska ass um Méindenowend eiser Zäit en Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 7,5 op der Richterskala registréiert ginn. Eng Tsnuamiwarnung gouf aktivéiert.

En Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 7,5 Punkten op der Richterskala huet um Méindenowend eiser Zäit (Nomëtten op der Plaz) eng Tsunamiwarnung ausgeléist. D’Äerdbiewe gouf géint 12:54 Auer 62 Meilen / 100 Kilometer südëstlech vu Sand Point, Alaska erfaasst – dëst ass ongeféier 925 Kilometer vun Anchorage ewech. Eng Tsnunamiwarnung ass aktiv: