
Dat Déif, wat eis an de nächsten Deeg déi bis ewell héchst Temperature vum Joer bréngt, suergt a Portugal a Spuenien schonn eng Zäit laang fir zolitte Reen a lokal Iwwerschwemmungen. Dëst ass en Update.
Advertisement
Ëmmer erëm vill Reen, wéi geet et virun?
An de leschten Deeg koum et op verschiddene Plazen a Spuenien a Portugal ëmmer erëm zu zolittem Reen, wat och Iwwerschwemmunge mat sech bruecht huet. Wa mir alleng vun dëser Woch schwätzen, dann huet et am Süde vu Spuenien (Andalusien) punktuell bis zu 80 l/m² gereent, gëschter um Dënschde waren et nach eng Kéier bis zu 87 l/m² – also änlech, wéi mir dat an eisem leschten Artikel zu dësem Thema virausgesot haten.

Dat selwecht Déif bleift elo mol nach bis an de Freidevirmëtten am selwechte Beräich leien, ier et sech duerno méi a Richtung West- oder Südfrankräich verlagert. Bis et esouwäit ass, kënnt et haut den Owend, besonnesch laanscht d’Küste vu Portugal an och um oppene Mier, mol nach zu schwéiere Stuermstéiss bis hin zu orkanaartege Wandstéiss. Dat selwecht gëllt fir déi spuenesch Biergerketten Sierra de Guadarrama, Cordillera Cantábrica an och d’Pyrenäen. Déi lefteg bis stiermesch Phasen zéie sech nach bis an de Samschden eran, duerno gëtt et iwwerall méi roueg.

Wat de Reen betrëfft, falen dem europäesche Modell GFS no am Westen a Nordweste vu Portugal mol nach bis zu 100 l/m² Reen vum Himmel. Den amerikanesche Modell gesäit de Reen méi groussflächeg, mee dofir awer net esou intensiv: Iwwerdeems sech déi gréisst Zommen iwwert dem Atlantik entlueden, kéime queesch iwwer Portugal verdeelt nach bis zu 60 l/m² erof. Besonnesch an der Sierra de Guadarrama a Spuenie kann et, eben doduerch, dass de Reen staut, punktuell awer zu méi wéi 100 l/m² kommen. Och un de Pyrenäen ka nach eng Kéier eppes méi dobäi sinn.