Ausland: Weideren zolitte Reen am Mëttelmierraum erwaart, deels ëm 300 l/m²

Iwwer Deeler vu Nordostitalien mee awer och am Balkan ass et an de leschten Deeg erëm zu Iwwerschwemmunge komm. D’Situatioun schéngt sech och demnächst net ze berouegen, dat am ganze Mëttelmierraum.

Advertisement

D’Situatioun

Een Déif nom anere forméiert sech grad iwwert dem Mëttelmierraum resp. zitt iwwert d’Mier ewech. Doduerch komme net nëmmen um Waasser, mee virun allem u Land an Zäit vun e puer Stonne bis Deeg gréisser Reenzommen erof, déi zu Iwwerschwemmunge féieren.

Bis e Freide sinn an Italien folgend Hot-Spots ze fannen: knapp nërdlech vu Florenz an un der Grenz Italien-Frankräich un den Alpen, wou sech de Reen staue wäert. Et ass mat Quantitéite vun tëscht 80 an deels iwwer 150 l/m² ze rechnen.

Vum Freide bis e Méinde geet et dann och op anere Plaze lass, wéi beispillsweis iwwert der Corse & Sardinien. Vum genannten Zäitraum aus bis an déi zweet Hallschent vun der nächster Woch kënnen duerchaus mol Quantitéite vu méi wéi 140 l/m² optrieden. Bis dohin sinn op den anere genannten Hot-Spots wéi knapp nërdlech vu Florenz & un der Grenz zu Frankräich méiglecherweis schonn Akkumulatioune vu méi wéi 250 l/m² gefall.


Déi akkumuléiert Reenzommen bis e Mëttwoch inclus | Grafik: wxcharts.com

Och iwwer aneren Deeler vum Stiwwel reent et bis an déi nei Woch eran vill, verbreet ass mat tëscht 50 an 80 l/m² ze rechnen. Iwwert dem Balkan gëllt dat selwecht, och do kann de ville Reen weiderhi fir Iwwerschwemmunge suergen. Et ass also eng immens naass Zäit, déi dem Gros vum Mëttelmierraum alt erëm usteet.