Aussiichten: Lokal bis zu 30 Grad

D’Donnerwiederaktivitéit wärt sech elo mol kuerz leeën. Méi waarem Loftmasse kommen eragestréimt, wouduerch ët dann och méi sonnëg wärt ginn. Op eenzelne Plaatze kënne souguer 30 Grad net ausgeschloss ginn.

Summer open end?

Vum Freiden un geet d’Schauer- an Donnerwiederaktivitéit an eise Géigenden zréck. Ët si just nach harmlos Wollécken ënnerwee, aus deenen et net méi reene sollt. D’Sonn ka sech méi oft weise kommen, dobäi gëtt et och séier waarem. Ët ass mat Maximaltemperature vu 26 Grad ze rechnen.

Um Samsden erwaart eis schéint Summerwieder bei kaum Wollécken a ganz vill Sonn. Ët ass mat bis zu 28 Grad ze rechnen. Um Sonndën bleift et summerlëch, mee laut aktuelle Modellleef besteht awer och e klenge Risk vun Hëtztdonnerwiederen.

Och de Start an déi nei Woch verleeft summerlëch, wa net souguer héichsummerlëch. D’Temperature klammen iwwerall am Land op iwwer 25 Grad. Virun allem am Zentrum vum Land, laanscht d’Musel an och an der Stadter-Géigend kann och un den 30 Grad gekraatzt ginn. Tëschenduerch klëmmt awer och zäitweis de Risk vun der enger oder anerer Schauer, och en Hëtztdonnerwieder kann dobäi sinn.

Wéi laang dës héichsummerlech Phase unhält, ass nach ongewëss. Op alle Fall kéint et den aktuelle Modellrechnunge no nach bis an de Juni eran daueren, bis d’Temperature rem däitlech zréckginn.