Aussiichten: Ongemittlecht Wieder vir d’Rentrée?

D’Summervakanz neigt sëch lues a lues hierem Enn zou. Och um Wieder mëcht sëch daat bemierkbar, ët gëtt nämlech däitlech méi kaal, méi gro an och méi naass.

Ongemittlech Zäiten

Vir ët direkt ze soen: Nee, ët wärt a nächster Zäit nët duerchgoend gro sinn. Och sonnëg Momenter kënne virkommen. Gréisstendeels ginn mir awer vun décke Wollécken duerch den Daag begleed, aus denen ët reene kann, daat och mol méi staark. D’Wahrscheinlechkeet dovunner klëmmt virun allem ab der nächster Woch.

D’Temperaturen entwécklen sëch sou, wéi een daat vum Hierscht och erwaart. Se klammen kaum nach op 20 Grad erop an haalen sëch daagsiwwer gréisstendeels zwëschen 12 an 17 Grad op. Mat dobäi kënnt oft ë frësche Wand. Vir d’Nuechten sinn, glécklecherweis, nach keng Minusgraden a Siicht. Am Laaf vum Mount kéint sëch awer nach eppes dorunner änneren, och wann ët nach nët sëcher ass.

Weidere Verlaaf

Wa mir schon bei Sëcherheet sinn, kënnen mir eis dësen Ensemble ukucken. En Ensemble besteht aus sougenannten “Memberen”, déi als Linnen duergestallt sinn. All Ensemble representéiert eng Linn. Waat dës Linnen méi no beieneen sinn, waat eng Wiederlaag méi sëcher ass. Ëmgekéiert, also wann de méi wäit auserneen sinn, waat se méi onsëcher ass. Kuckt een den iewechten Deel vun der Grafik, also d’Temperaturen, da fällt op, dass ët an den nächsten Deeg bis an déi nächst Woch eran zimmlech sëcher mat Temperaturen vun ënner 20 Grad kill bleiwe wärt. A Saache Nidderschléi bestinn nach ë puer Onsëcherheeten waat d’Quantitéit ugeet, ët kann een awer och zimmlech sëcher mat Reen rechnen.


Grafik: meteociel.fr