Aussiichten: Rem méi mëll, duerno grouss Onsëcherheeten

An de leschten Deeg sinn d’Temperaturen e Stéck zréckgaange gewiecht, ier et vun haut un lues a lues rem a Richtung méi mëll geet.

Ëmmer nach lokale Frascht an de Nuechten

D’Temperature wärte sech an de nächsten Deeg rem e Stéckche no uewe beweegen. Sou sollen haut um Mëttwoch an och um Donnëschde rem Maximalwerter vu bis zu 6 Grad ereecht ginn. Ab dem Freide kënne rem ëm 8 Grad um Thermometer ugewise ginn. Iwwerdems et dagsiwwer also méi mëll gëtt, kann et an de Nuechten awer ëmmer nach zu liichtem Buedem- oder Loftfrascht kommen. Virun allem an den Däller gi nach Minusgraden ereecht. Bis de Freiden ass net mat nennenswerte Nidderschlagsquantitéiten ze rechnen, waat sech ab dem Weekend selwer awer ännere kéint.

Ab dem Samsde leie mir rem méi markant ënner Déifdrockafloss, soudass et déi meecht Zäit gro wärt sinn. Dobäi ass dann och ëmmer rem mat Schaueren ze rechnen. Gleeft een den aktuelle Berechnungen, da kann et iwwer de Weekend ëm 10 l/m² reenen.

Duerno gëtt et richtëg spannend

Déi Deeg drop stellen eng méi komplizéiert Situatioun duer. Wéi een um GEFS Ensemble gesäit, ginn d’Linne vun den eenzelne Membere wäit auserneen, zumindest waat d’Temperaturen ugeet. Den Trend mat den ëm 9 Grad am Dag soll also bis den 24. November dorëmmer unhaalen, ier eng grouss Onsëcherheet antriede wärt.

De Spread gëtt richtëg grouss. Déi wärmst Membere rechne vir de Wiessel an den Dezember mat Temperature vu bis zu 15 Grad, déi killst Membere mat bis zu -10 Grad an de Nuechten. D’Moyenne vun allen Szenarien deit drop hin, dass eng méi héich Wahrscheinlechkeet vir déi méi mëll Variant bestoe kéint. W.e.g haalt am Hannerkapp, dass et sëch heibäi net ëm eng Prognos, mee eng Aschätzung handelt, déi nach geklärt muss ginn. Déi nächst Deeg entscheeden driwwer, ob mir gläich e richtëge Wanterabroch kréien oder awer zréck an de Fréihierscht katapultéiert ginn.

Waat de Reen ugeet soll et ab Enn November bis an den Dezember eran méi naass ginn, wéi et de Moment de Fall ass.

GEFS Ensemble (meteociel.fr)