Aussiichten: Wéini gëtt ët rem waarem?

D’Temperature sinn a leschter Zäit spierbar gefall, soudass nëmme nach op de wéinëgste Plaatze Werter vun däitlëch iwwer 25 Grad gemooss goufen. Gleeft een den aktuelle Berechnunge, kéint daat geschwënn awer en Enn hunn.

GFS mat waarme Léisungen

Eis Temperature befanne sëch de Moment an engem Beräich vu 16 bis knapp 23 Grad. Virun allem den amerikanësche Wiedermodell GFS gesäit awer eng Ännerung kommen. Confirméiere kann een daat elo zwar nach nët, well et nach am “Glaskurrelberäich” läit.

Grafik: wxcharts.eu

Och den GEFS Ensemble reagéiert dementspriechend. Aktuelle Modellleef no wärten eis Temperature nach bis de Freide minimal zréckgoen, ier se dann ab dem Weekend selwer rem lues a lues ufänken ze klammen. Am Laaf vun der neier Woch pendle se sëch zwëschen 20 a 25 Grad am Dag an, dobäi wier just zäitweis mat liichte Nidderschléi ze rechnen. Wann d’Modellrechnunge Recht behaalen, da géif ët déi Zäit drop nach e gutt Stéck méi waarem ginn. D’30-Grad-Grenz wier da gräifbar no.

Grafik: meteociel.fr