Autoclub: Déi éischt Autodisko zu Lëtzebuerg | Wéi gëtt d’Wieder?

Duerch d’Coronapandemie ass un déi typesch Open Air- Evenementer net ze denken. Et weist ee sech an dësen Zäiten awer kreativ a fënnt aner Weeër.

Fir d’éischte Kéier zu Lëtzebuerg

D’Eventfirma MADNESS an de Ciné Sura organiséieren dëse Freiden zu Iechternach am Open Air Autokino fir d’éischte Kéier eng Aart klenge Festival, wou ee nom Autokino- Prinzip drun deelhuele kann. Den “Autoclub” ass déi éischt Veranstaltung vun hirer Zort zu Lëtzebuerg a gëlt als Première.

Un den Decks sinn eng Partie bekannt DJ’e vu Lëtzebuerg, wéi den DJ Se7en, DJ DEE!, DJ Al, den DJ Janko an och d’Newcomerin TZUNAMY. Mat knallege Beats an enger flotter Bühneshow inkl. Special Effects suerge si de ganzen Owend laang fir gutt Stëmmung an Oflenkung aus dem momentan éischter ustrengenden Alldag. De Start ass de Freidenowend, 05. Juni 2020 um 19:30 Auer. Den Entrée kascht 15€ op de Kapp. Tickete fir d’Neiheet zu Lëtzebuerg a weider Informatiounen dozou fannt Dir hei.

Wéi gesäit et mam Wieder aus?

Well sech dat Ganzt natierlech am Auto ofspillt, spillt d’Wieder net grad esou eng grouss Roll wéi bei normalen Open Air Evenementer. An awer ass et sécherlech méi angenehm, wann d’Wieder matspillt.

Et muss ee soe wéi et ass, mee de Freide leie mir ënnert dem Afloss vun déiwem Loftdrock. Sou wéi déi aktuell Wiedermodeller et gesi, gëtt et zwar am Laf vum Dag lues a lues méi dréchen – zum Zäitpunkt vum Start soll et awer ëmmer nach vereenzelt reene kënnen. D’Temperature leie géint 19:30h tëscht 11 an 13 Grad. Am weidere Verlaf vum Owend, sou géint 21:30h, sollt et dréche bleiwen. D’Temperature leien da nach ëmmer am selwechte Beräich. A Richtung Schluss leien d’Wäerter nach tëscht 8 an 10 Grad.