Bal minus 13 Grad – De bis ewell keelste Moie vun der Saison

An der vergaangener Nuecht an haut de Moie sinn d'Temperature nawell wäit an de Keller gaangen, méi wäit wéi den Dënschdemoien.

Bal minus 13 Grad gemooss

Mir hunn erëm en immens kale Moien hannert eis, deen definitiv dem vun der Moyenne hier ënnerduerchschnëttleche Beräich zouzeschreiwen ass.

Un der ASTA-Wiederstatioun zu Breedelt war et mat -12,7°C am keelsten. Ech hunn Iech nach e puer aner Statiounen erausgepickt, un deenen et richteg wäit an de Keller gaangen ass.

  • Breedelt (ASTA): -12,7°C
  • Schëmpech (ASTA): -12,0°C
  • Ueschdref (ASTA): -12,0°C
  • Käerch (ASTA): -11,0°C
  • Reiler (ASTA): -10,9°C
  • Wëntger (Vereinigte Hagel): -10,9°C

Donnéeë: Kachelmannwetter, AgriMeteo (ASTA), Vereinigte Hagel | 15. Dezember 2022

An de nächste Nuechte kënnen änlech Wäerter erreecht ginn. Vun der nächster Woch u gëtt et däitlech méi mëll.