Bei Oochen: Grousse Schued duerch Tornado um Mëttwoch

Am spéidere Nomëtte vum Mëttwoch huet sech zu Roetgen, net wäit ewech vun Aachen, en Tornado forméiert.

Tornado beschiedegt Haiser zu Roetgen

De Mëttwoch, 13. Mäerz 2019, ass géint 16:30 Auer eng kleng, mee punktuell kräfteg Donnerwiederzell iwwer Roetgen, net wäit vun Oochen ewech, gezunn. Dobäi huet sech iwwerdeems en Tornado forméiert, dee sech mat héijer Vitesse virubeweegt huet. En ass duerch den ëstlechen Deel vun der Uertschaft gezunn an huet op séngem Wee ronn 30 Haiser beschiedegt an e puer Diecher ofgedeckt. Zéng vun de betraffenen Haiser wiere souguer net méi bewunnbar, sou e Spriecher vun den Oochener Pompjeeën. Eng Persoun gouf liicht blesséiert a gouf an d’Spidol ageliwwert.

Desen Tornado-Fall weist, wéi onberechebar dëst Naturphänomen ass, déi hei ouni Virwarnung a komplett onerwaart zougeschloen huet. Tornadoe sinn awer näischt ongewéinleches a Mëtteleuropa: alleng an Däitschland ginn all Joers duerchschnëttlech tëschen 20 a 60 Tornadoe registréiert.

Och bei eis zu Lëtzebuerg gouf et am Laf vun de leschte Joren ëmmer rem Tornadoverdachtsfäll, e puer dovunner gëllen haut esouguer als confirméiert. Ënnert dësem Link kënnt Dir Iech déi eenzel Fäll ukucken.

D’Donkelziffer vun den Observatiounen ass héich, well d’Tornadoen oft nëmme kuerz um Buedem sinn oder sech do entwéckle, wou kee se gesäit an och kee Schued ugeriicht gëtt.