Belsch an Hollännesch Küst: De Stuerm-Check

Den aktuelle Stand iwwer d’Stuermdéifer fir Lëtzebuerg ass bekannt. Vill Notzer froe sech awer och, wat se op den hollänneschen a belsche Küsten ze erwaarden hunn. Dëst ass e spezielle Stuerm-Outlook.

De Moment schénge sech eng Partie vun de Lieser un de Küsten an der Belsch an och an Holland opzehalen a froe sech berechtegt, wat si a Saache Stuerm ze erwaarden hunn. Hei fannt Dir d’Äntfert dorop.

Däitlech méi intensiv wéi zu Lëtzebuerg

Wat vu vir eran schonn mol kloer ass: de Stuerm wäert op de genannte Plaze bei wäitem méi zolitt ausfale wéi zu Lëtzebuerg – dat gëllt fir d’Nuecht op den Donneschden mee och fir de Freiden.

Wa mir vum Stuerm schwätzen, deen d’Küsten an der Nuecht op den Donneschden iwwerrullt: den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent Spëtzte vun tëscht 90 an 110 km/h. Eréischt um Donneschdemëtte soll lues awer sécher eng Berouegung agetruede sinn. Den europäeschen ECMWF ass mat engem Peak vu bis ëm 107 km/h dobäi, dat um Donneschdemoie fréi um Mëtternuecht. Anescht wéi de GFS, rechent den ECMWF eréischt um spéideren Donneschdenomëtte mat enger Wandberouegung.


De Peak vum éischte Stuermfeld | Grafik: wxcharts.com

De Stuerm um Freidenowend soll bei wäitem méi zolitt ausfalen. Lass geet et um Freidemëtte géint 12 Auer mat éischte Spëtzte vu bis zu 100 km/h. Tëscht 15 an 21 Auer soll de Maximum erreecht ginn, dat mat extremen Orkanstéiss vu bis zu 130 km/h. Den europäesche Modell ECMWF stëmmt deem zou a wëll esouguer 140 km/h an direkter Küstegéigend net ausschléissen. Fir komplett Kloerheet ze hunn, muss awer nach e bëssen Zäit vergoen. Mir schwätzen ëmmerhin vum Freiden, a mir hunn eréischt Dënschdenowend.


De Peak vum zweete Stuermfeld | Grafik: wxcharts.com

Och de Rescht vum Weekend soll stiermesch verlafen, zäitweis sinn och Stuermstéiss ze erwaarden. Intensitéite wéi un den Deeg virdru sollten dobäi awer keng méi optrieden.