Belsch: Bal 100 Joer alen Temperaturrekord um Donneschdemoie geknackt

Et ass ze waarm fir d’Joreszäit, net nëmmen zu Lëtzebuerg. Ënnert anerem an der Belsch ass e bal 100 Joer ale Rekord geknackt ginn.

Grouss Temperaturanomalien iwwer Europa

Iwwert dem europäesche Kontinent kënnt et de Moment zu immens groussen Temperaturanomalien; ausgeléist duerch déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik an héijem Loftdrock mat Zentrum iwwert dem südleche Mëtteleuropa. D’Resultat: iwwerduerchschnëttlech waarm Loftmassen aus dem Südweste vum Europa & Deeler vun Afrika ginn an eis Géigenden transportéiert.


Grouss Temperaturanomalien de Moment iwwer Mëtteleuropa | Kaart: pivotalweather.com

U verschiddene Wiederstatiounen an der Belsch an och an Holland ass et fir nei Allzäit-Rekorder a Saachen Dezember-Deeg duergaangen.

Un der Wiederstatioun zu Ukkel an der Belsch (Haaptstatioun vum Land) ass um Donneschdemoien, kuerz no 10 Auer, eng Temperatur vun 13,9 Grad gemooss ginn. Den ale Rekord louch bei 13,8 Grad a gouf 1925 opgestallt. Et war also de wäermsten 30. Dezember zanter 96 Joer. D’Miessrei geet bis an d’Joer 1833 zréck. Dëst ass awer net déi héchst jeemools gemoossen Temperatur fir e ganzen Dezembermount: dëse Rekord gouf nämlech de 16. Dezember 1989 mat 16,7 Grad opgestallt.

De neiste Modellrechnunge no ass et net auszeschléissen, dass d’Temperaturen haut u Silvester dem Rekordwäert vu gëschter erëm zimmlech no kommen.

Och an Holland ass e Rekord gefall

Net nëmmen an der Belsch, mee och bei de Noperen an Holland ass en Temperaturrekord gefall. Un der Wiederstatioun zu De Bilt bei Hilversum ass den Thermometer um Donneschden op 13,1 Grad geklomm. Den ale Rekord geet op den 30. Dezember 1925 zréck, dat mat genee 13 Grad.