Bëschbränn am Colorado breede sech séier aus & Schnéistuerm an der leschter Nuecht

Am US-Bundesstaat Colorado kënnt et zu immens schroe Bëschbränn. Eent dovu géif vun der Fläch hier gutt en Drëttel vum Lëtzebuerger Land anhuelen.

Liewensgeféierlech Bränn fuederen éischt Doudesaffer

D’Bränn am US-Bundestaat Colorado breede sech weider aus – se zielen zu de schlëmmsten, déi et dohanne bis ewell gouf. Alleng de Weekend hunn honnerte Leit missen hir Haiser verloossen an esouguer de Nationalpark ronderëmt d’Rocky Mountains huet missen zougemaach ginn. D’Feier kënnt mëttlerweil och klengen Dierfer zimmlech no, Norichtenagencen no sollen d’Flamen ëm e bësse manner wéi 1 Kilometer un d’Haiser erukomm sinn. De leschte Freiden gouf eng eeler Koppel, eng Fra vu 84 an e Mann vu 86 Joer, dout an hirem verbrannten Haus opfonnt. An Tëschenzäit, Stand Samsdenomëtten, huet dëse Brand eng Fläch vu 772 km² ageholl.

An de Rocky Mountains sinn och nach aner Bëschbränn aktiv. D’Cameron Peak Fire ass schonn e puer Wochen amgaang an ass den am Moment gréisste Bëschbrand. Méi wéi 840 km² Land si betraff – dat entsprécht engem drëttel vun der Fläch vum Lëtzebuerger Land.

Schnéistuerm an der Nuecht op de Méinden

An der Nuecht op de Méinden ass am selwechte Gebitt e Schnéistuerm agetraff, duerch deen d’Läschaarbechten engersäits duerch d’Temperaturen ënnerstëtzt ginn, anerersäits awer och net duerch de staarke Wand a Schnéifall u sech. Schonn am Laf vum fréie Méinde soll sech de Schnéi aus dem Gebitt verzéien, et wäert wuel nach eng Zäit dauere bis d’Bränn all ënner Kontroll sinn.


De Schnéistuerm leet sech schonn am Laf vum Méinden | Grafik: wxcharts.com