Bilan: 2020 war dat wäermst Joer zanter Opzeechnungsufank

Nodeems et 2019 “nëmmen” op déi drëtt Plaz vun de bis ewell wäermste gemoossene Jore gepackt huet, kënnt 2020 op déi éischt Plaz.

Wäermst Joer zanter 1838

Wéi d’Meteorologe vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux matdeelen, war d’Joer 2020 dat wäermst bis ewell gemoossent Joer zanter Opzeechnungsufank am Joer 1947. Mat enger Joresduerchschnëttstemperatur vun 11,3 Grad gouf de Normalwäert, bezunn op d’Referenzperiod 1981-2010, ëm ronn 2 Grad iwwertraff – d’Duerchschnëttstemperatur zu Lëtzebuerg e ganzt Joer iwwer läit nämlech bei 9,3 Grad. Et war ëm 0,2 Grad méi waarm wéi am Rekordjoer 2018 a 0,5 Grad méi waarm wéi 2014. Keen eenzege Mount vum Joer 2020 ass ze kill ausgefall.

Och a Punkto Reequantitéiten war 2020 en immens interessant Joer. Och wann et däitlech méi gereent huet wéi am bis ewell dréchenste Joer 1976 (541 l/m²), war et mat gemoossenen 788,7 l/m² awer däitlech ze dréchen. Normalerweis reent et an engem Joer zu Lëtzebuerg 896,9 l/m². Et ass also en Defizit vun 108,2 l/m² festgestallt ginn. 2020 ass dat siwent Joer hannerteneen, an deem et schonn ze dréche war.

D’lescht Joer war a villen Hisiichten iwwerduerchschnëttlech, esou och a Saache Sonnestonnen. Ganz 2030,4 Sonnestonne goufe gezielt, domat war et dat sechst sonnegst Joer zanter Opzeechnungsufank. Normalerweis schéngt d’Sonn an engem Joer 1724,9 Stonnen. Déi Joren, un deene mir et bis ewell mat de meeschte Sonnestonnen ze dinn hate, waren 1959, 2003 an 2018.

Weider Donnéeën iwwer d’meteorologescht Joer 2020 fannt Dir um Site vu MeteoLux.

Am Wiederstatiounsnetz vun der ASTA war et esouguer dat wäermst Joer zanter 1838. Hir Donnéeë fannt Dir ënnert dësem Link.

Och un der Météo Boulaide-Statioun war et ze waarm

Un der Wiederstatioun vu Météo Boulaide, déi zu Baschelt situéiert ass, war et am Joer 2020 och ze waarm. D’Joresduerchschnëttstemperatur läit bei 10,48 Grad, 1,18 Grad iwwert dem Duerchschnett, dee wärend der Referenzperiod gemooss gouf. De wäermsten Dag hate mir den 8. August 2020, géint 17 Auer ass e Maximalwäert vun 33,7 Grad gemooss ginn. Déi niddrëgst Temperatur gouf den 30. November 2020 mat -6,9 Grad moies um 06:05 registréiert. De leftegsten Dag hate mir de 9. Februar 2020 duerch d’Orkandéif SABINE, wat un der Météo Boulaide-Wiederstatioun awer fir iwwerraschend niddrëg Wäerter gesuergt huet. De maximale Wandstouss louch bei 75,6 km/h, gemooss géint 18:30 Auer.

Iwwerdeems un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht e markante Reendefizit festgestallt gouf, hate mir et an der Gemeng Bauschelt mam nidderschlagsräichste Joer zanter 2012 ze dinn. Et sinn 833,2 l/m² gezielt ginn. Déi grouss Zomm ass doduerch ze erkläeren, dass d’Statioun haaptsächlech am Summer méi oft d’Chance haat, vun engem lokalen Donnerwieder erwëscht ze ginn. Aner Statiounen uechter d’Land haten do net esou vill Chance a si mat deels vill manner grousse Quantitéite vum Dësch gaang.