Bilan: Däitsche Wiederdéngscht mellt een vun de wäermste Summeren zanter 1881

"Mir hunn an Zäite vum Klimawandel wuel e Summer erlieft, deen geschwënn wäert typesch sinn.", esou den däitsche Wiederdéngscht DWD iwwert de Summer 2022.

Titelbild: Christophe Gateau / DPA

Summer 2022: Däitsche Wiederdéngscht DWD zitt e Fazit

Iwwerdeems mir de Bilan iwwert de Summer 2022 heiheem nach ofwaarden, huet den däitsche Wiederdéngscht DWD schonn e Schlussstréch gezunn. Dëse Summer war ënnert anerem bei eisen däitsche Noperen en immens markanten mat grousser medialer Opmierksamkeet.

Iwwer Hëtztrekorder am Norde vun Däitschland bis un d’Küst, historesch Dréchent am Westen (wat och Lëtzebuerg betrëfft), Nidderegwaasser an ausgedréchent Flossdeeler, eng Bloalge-Plo, eng ganz Partie Rekord-Bëschbränn a Noutstänn duerch d’Knappheet vun Drénkwaasser bis hin zu lokale schwéieren Onwieder duerch Staarkreen, Dauerreen an doraus entstanen Iwwerschwemmungen – de Summer 2022 war ouni Zweiwel een vun historeschem Ausmooss.

De Pressespriecher vum DWD, den Uwe Kirsche, betount:

“D’Extreemer vun dësem Summer weise sech och an eiser Klimastatistik. De Summer 2022 war an Däitschland de sonnegsten, 6. dréchensten a gehéiert zu de véier wäermsten zanter Opzeechnungsufank. Mir hunn domat an Zäite vum Klimawandel wuel e Summer erlieft, deen geschwënn wäert typesch sinn.”

Dëst ass den éischte Fazit, nodeems een d’Donnéeë vun de Ronn 2000 Wiederstatiounen an der Republik ausgewäert huet.

De Summer 2022 war 2,9 Grad ze waarm

De neiste Berechnunge vum DWD no louch d’Duerchschnëttstemperatur am Summer 2022 bei 19,2 Grad, also 2,9 Grad iwwert dem, wat normal wier – baséierend op der international unerkannter Referenzperiod vu 1961 bis 1990. Am Verglach mat der méi aktueller a méi waarmer Vergläichsperiod vu 1991 bis 2020 louch d’Duerchschnëttstemperatur ëmmer nach 1,6 Grad iwwert der Moyenne.


D’Temperaturanomalie iwwer d’Jore gekuckt, Referenz: 1961 – 1990 | Grafik: DWD

De Summer 2022 war also een vun de véier wäermsten an Däitschland zanter 1881. Un der Spëtzt bleift ëmmer nach de Summer 2003 mat enger Duerchschnëttstemperatur vu 19,7 Grad. Deemools, den 20. Juli 2003. ass zu Hamburg-Neuwiedenthal eng Maximaltemperatur vu 40,1 Grad gemooss ginn, wat bis haut déi héchst jeemools gemoossen Temperatur an Däitschland ass.

6. dréchenste Summer zanter 1881

Mat 145 l/m² Nidderschlag, deen dëse Summer erofkomm ass, läit Däitschland knapp 40% ënnert der Moyenne vu 1961 bis 1990 – 239 l/m² ass nämlech de Normalwäert. Zanter Opzeechnungsufank, also am Joer 1881, war et also de 6t dréchenste Summer bis ewell. Den dréchenste Summer ass also ëmmer nach deen vu 1911, an dem et just 124 l/m² gereent huet. Och wann een et mat der méi aktueller Referenzperiod vu 1991 bis 2020 vergläicht, ass ëmmer nach eng Anomalie vu -40% ze verzeechnen.


D’Nidderschlagsanomalie iwwer d’Jore gekuckt, Referenz: 1961 – 1990 | Grafik: DWD

Am Saarland, a Rheinland-Pfalz an och an Hessen ass eng historesch Summer-Dréchent festgestallt ginn – wat och méi oder manner direkt op Lëtzebuerg iwwerdrobar ass. An den Alpen dogéint sinn iwwerdeems 500 l/m² Reen erofkomm.

Neie Rekord: 820 Sonnestonnen am Summer 2022

Duerchschnëttlech sinn am Summer 2022 820 Sonnestonnen an Däitschland gezielt ginn, normal sinn awer 614 Stonnen. D’Donnéeën aus der Referenzperiod vu 1961 bis 1990 sinn also ëm knapp 34% iwwertraff ginn. Mat der méi jonker Period vu 1991 bis 2020 verglach louch d’Anomalie bei 25%. 2003, wou 793 Sonnestonne gezielt goufen, ass also net méi de sonnegste Summer iwwerhaapt – 2022 ass ganz däitlech dat neit Rekordjoer. Um Uewerrhein huet d’Sonn bal 1000 Stonne geschéngt, am äusserste Norden 700 Stonnen.


D’Sonnestonnen-Anomalie iwwer d’Jore gekuckt, Referenz: 1961 – 1990 | Grafik: DWD

Och zu Lëtzebuerg gi sech wuel nei Sonnestonne-Rekorder erwaart. Et däerf een op de Bilan gespaant sinn.

Source: Deutscher Wetterdienst