Bilan: De Februar 2021 war ze waarm an ze dréchen

De Februar 2021 war erëm en ze dréchenen an ze waarme Mount.

D’Wiederstatioun um Findel…

… vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux huet en ze waarmen an ze dréchenen zweete Mount vum Joer 2021 registréiert. Den 23. Februar gouf eng Maximaltemperatur vu 17,9 Grad gemooss, am keelste war et um fréien 10. Februar 2021 mat -10,6 Grad. Iwwert de Mount gekuckt konnt eng Moyenne vun 3,6 Grad gemooss ginn, woubäi d’Temperaturmoyenne an engem Mount Februar, baséierend op der Referenzperiod vu 1991-2020, bei 2,2 Grad läit. Dëst mécht also eng Anomalie vu +1,7 Grad aus.

A Punkto Reen ass et am Februar 2021 net naass genuch ginn. 54 l/m² goufen iwwert de Mount gemooss, an der Moyenne reent et an engem Februar zu Lëtzebuerg um Findel 59 l/m². Differenz: -5 l/m². Dës Quantitéite sinn un 11 Deeg verdeelt gefall. Dëst si 4,4 Reen-Deeg manner wéi normalerweis.

Wat d’Sonn ugeet sinn am Februar 2021 119,1 Sonnestonne gezielt ginn, an der Moyenne hu mir an engem Februar 79,5 Sonnestonnen. Mat engem Plus vu +39,6 Sonnestonne war de Februar 2021 nawell e Sonn-räiche Mount.

De kräftegste Wandstouss ass den 3. Februar 2021 mat 74,2 km/h gemooss ginn.

Och un der Météo Boulaide-Statioun ze mëll an ze dréchen

Net nemme bei MeteoLux um Findel war de Februar opfälleg mëll an dréchen, mee och un der Météo Boulaide-Statioun zu Baschelt an der Gemeng Bauschelt. Déi héchst Temperatur hate mir den 23. Februar 2021 mat 16,6 Grad, déi niddrëgst um fréien 10. Februar 2021 mat -10,4 Grad. D’Temperaturmoyenne iwwert de Mount louch bei 4,03 Grad, 2,43 Grad iwwert dem Duerchschnëtt vun der Referenzstatioun um Findel.

A Punkto Reen si mir, genee wéi och um Findel, ze kuerz ausgefall. Et huet 40,0 l/m² gereent, normalerweis reent et 59,0 l/m². Dëst mécht eng Differenz vu -19 l/m² aus. Dëse Reen ass un am ganzen 15 Deeg erofkomm, -0,4 Deeg manner wéi an engem normale Februar-Mount.

Den héchste Wandstouss hate mir den 3. Februar 2021 mat 49,9 km/h.