Bilan: De Mäerz 2025 war vill ze dréchen an däitlech ze waarm

Am Mäerz hunn déi vill Sonnestonnen an de feelende Reen besonnesch erausgestach, mee och eis Temperature waren ze héich ënnerwee. Mir zéien e Bilan a vergläichen d’Donnéeë vum Findel mat eisen aus der Gemeng Bauschelt.

Advertisement

D’Donnéeën aus der Gemeng Bauschelt

De Mäerz 2025 ass den éischte volle Mount, deen eis nei Wiederstatioun um Hareler Poteau gemooss huet. Déi héchst Temperatur ass den 21. Mäerz mat 18,2°C opgetrueden, déi nidderegst den 3. Mäerz mat -3,6°C. D’Moyenne fir de Mount louch bei 6,24°C. Iwwert de ganze Mount gekuckt huet et just 7,2 l/m² gereent, de naassten Dag war den 13. Mäerz mat grad emol 2,2 l/m². Reen-Deeg gouf et der just 7. Déi héchst Wandspëtzt gouf et de 15. Mäerz mat 48,2 km/h. D’Sonn huet am ganzen 165,2 Stonne laang geschéngt.

Wat eis Referenzstatioun zu Baschelt betrëfft, hu mir den 21. Mäerz eng Maximaltemperatur vu 19,1°C gemooss, am keelste war et um fréie Moie vum 3. Mäerz mat -4,6°C. De méintlechen Temperaturduerchschnëtt louch bei 6,3°C. Gereent huet et logescherweis och un dëser Statioun net vill, am ganze si genee 10 l/m² zesummekomm, dat iwwer 6 Deeg verdeelt. Domat ass et esouguer den dréchenste Mäerz zanter 2012, also zanter op d’mannst 13 Joer. Den ale Rekord geet op de Mäerz 2014 zréck, deemools huet et 10,6 l/m² gereent. Déi héchst Wandspëtzt ass de 15. Mäerz mat 41,8 km/h gemooss ginn.

Un dëser Referenzstatioun gëtt zanter Enn 2011 gemooss. Mir hunn eis dowéinst dozou entscheet, eng provisoresch an intern Referenzperiod anzeféieren, déi sech op den Zäitraum vun 10 Joer tëscht 2012 an 2022 bezitt. An dësem Zäitraum louch déi duerchschnëttlech Temperatur an engem Mäerz bei 5,12°C, iwwerdeems et normalerweis 45,26 l/m² reent. Un der Statioun um Hareler Poteau louche mir am Mäerz also 1,12°C driwwer an zu Baschelt 1,18°C. Um Hareler Poteau hunn 38 l/m² Reen gefeelt, zu Baschelt 35,26 l/m².

Wéi et um Findel war

Un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel gouf den 21. Mäerz eng Maximaltemperatur vu 19,7°C gemooss, déi nidderegst den 18. Mäerz mat -3,3°C. D’Temperaturmoyenne iwwert de Mount gekuckt louch bei 7,3°C, wat 1,6°C iwwert der laangjäreger Moyenne vu 1991-2020 läit. An engem normale Mäerz läit d’Temperaturmoyenne nämlech bei 5,7°C. De Reen huet nach e Stéck méi erausgestach, iwwert de ganze Mount koumen un dëser Statioun grad emol 12,4 l/m² zesummen – am Normalfall sinn et genee 57 l/m². De naassten Dag war den 23. Mäerz mat 7,6 l/m² Reen. Reen-Deeg gouf et am ganze 4 Stéck, normal sinn et der 14,8. Wat d’Sonnestonne betrëfft, koum et och zu engem däitlechen Iwwerschoss: 222,8 Stonne goufen um Findel gemooss, fir e Mäerz duerchschnëttlech sinn 137,1 Stonnen. De Wand war an de leschten Deeg am opfällegsten, den 30. gouf e Wandstouss vu 53,6 km/h gemooss.