Nodeems an der éischter September-Dekad schonn e Rekord opgestallt gouf, war dann elo och de ganze Mount an der Moyenne esou waarm wéi nach ni virdrun.
Weider Rekorder falen
*Dës Donnéeë bezéie sech all op d’Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel*
An der éischter September-Dekad, also tëscht dem 1. an dem 10. September, louch d’Duerchschnëttstemperatur bei 20,3°C – esou héich wéi nach ni virdrun. Duerch déi weiderhin vill ze héich Temperaturen ass et elo kee Wonner, dass de ganze Mount September e neie Rekord opgestallt huet.
D’Duerchschnëttstemperatur vum ganze Mount louch bei 17,6°C (neie Rekord), wat 3,3°C iwwert der Moyenne läit (14,3°C). Den ale Rekord kënnt aus dem Joer 2006, deemools louch d’Moyenne vun der Temperatur bei 17,5°C. Obwuel d’Duerchschnëttstemperatur elo esou héich louch, ass et awer net fir en absoluten Allzäitrekord wat d’Dageshéchsttemperatur ugeet, duergaangen. Um Findel ass am September 2023 en Dagesmaximum vu 29,8°C registréiert ginn, mee de 15. September 2020 war et mat 32,2°C méi waarm.
Wat déi aner Wäerter betrëfft huet et de ganze Mount iwwer um Findel grad emol 34,6 l/m² gereent, normal gewiescht wieren awer 66,2 l/m². Dëse Nidderschlag koum op 5 Nidderschlags-Deeg verdeelt erof, déi normal Unzuel wieren awer 12,2 Deeg gewiescht.
De September 2023 war och iwwerduerchschnëttlech sonneg. Se huet 251,3 Stonne laang geschéngt, woubäi de laangjäregen Duerchschnëtt bei 174,9 Stonne läit.
Och an Däitschland war de September 2023 e Rekord-September. D’Moyenne ass 3,4°C iwwert d’Laangzäitmoyenne erausgeschoss,