Bilan: De Wanter 2021/2022 war ze waarm an immens Schnéi-aarm

Vu richteg wanterlechem Wieder feelt ëmmer nach all Spur an d’Hoffnungen op e Spéitwanter si net all ze grouss. Mir maachen e Réckbléck op de meteorologesche Wanter 2021/2022.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 15.03.2022:

Nodeems den Héichdrockafloss kuerz ofgeholl huet, kämpft e sech de Moment erëm zréck. Dëst bréngt mat séch, dass et kuerz e gutt Stéck méi waarm gëtt. Ma net nëmmen dës fréijoersméisseg Temperature sinn haut en Thema, mee och de Fazit vum Wanter 2021/2022.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Ier mir awer op déi méi waarm Zäit kucken, hues du awer nach e puer Schlusswierder iwwert de Wanter 2021/2022 matbruecht?

Mir mussen tatsächlech nach eng Kéier kuerz op déi lescht puer Méint kucken – de meteorologesche Wanter ass nämlech den éischte Mäerz op en Enn gaangen an dohier kann een definitiv den een oder anere Fazit zéien. Déi folgend Donnéeë bezéie sech alleguer op d’Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux. Fir d’éischt mol: de Wanter war mat enger Duerchschnëttstemperatur vun 3,4 Grad em 1,5 Grad ze waarm, dat bezunn op déi laangjäreg Referenzperiod vun 1991 bis 2020. D’Maximaltemperature vun de jeeweilegen Deeg louchen am Duerchschnëtt 6 Grad, d’Déifsttemperature sinn an de Nuechten op duerchschnëttlech 0,8 Grad zréckgaangen.

Wat waren dann déi héchst an déifst Dagestemperaturen?

D’Maximaltemperatur gouf nach den éischte Wantermount ereeecht, dat den 30. Dezember mat 12,5 Grad. Déi déifst Temperatur dogéint konnt den 22. Dezember mat -6 Grad festgestallt ginn.

De Wanter war jo am Allgemengen erëm ze waarm, wéi hunn sech déi eenzel Méint a Saachen Temperaturen entwéckelt?

D’Duerchschnëttstemperatur am Dezember louch bei 3,7 Grad, normalerweis sinn et 2,3 Grad. Och de Januar an de Februar waren ze waarm, sou hat de Januar mat 1,9 Grad eng Anomalie vu 0,5 Grad opzeweisen. De Februar war mat 4,5 Grad och gutt 2,3 Grad méi waarm wéi normalerweis.

Et haat een jo e bëssen d’Impressioun wéi wann et de Wanter iwwer immens vill gereent hätt. Wat soen d’Zuelen dozou?

Wat de Reen ugeet sinn um Findel 199,2 l/m² Nidderschlag vum Himmel komm – soumat konnt de Soll ëm 9,7 % iwwerschratt ginn. Am Dezember huet et 58,2 l/m² gereent, am Januar 68,6 l/m² an am Februar 72,4 l/m².

Klengt am éischte Moment net esou ongewéinlech, mee et gouf awer trotzdeem gréisser Defiziter an Anomalien.

Dee Mount mam gréisste Nidderschlagsdefizit war den Dezember mat -35%, duerno kënnt de Januar mat -4% – also quasi neutral. Den eenzege Wantermount, an deem et méi gereent huet wéi normal, war de Februar mat 72,4 l/m² amplaz vun 59,5 l/m² – wat en Iwwerschoss vun +21,7% ausmécht.

Wéi huet sech dann de Schnéi dëse Wanter geschloen? Deen huet eis jo esou gutt wéi ganz vergiess.

Dat ass wouer, mee mir vergiessen e sécherlech net. Um Findel goufe grad emol 8 Deeg registréiert, un deenen eng Schnéicouche present war. Op déi lescht 30 Joer bezunn sinn et soss duerchschnëttlech 21 Deeg gewiescht. Déi maximal Schnéihéicht ass och ze iwwerkucken, den 10. Dezember war e Maximum vu grad emol 3 cm virzefannen.

D’Sonn… déi huet awer méi oder manner hir Aarbecht erledegt?

D’Sonn huet wärend der ganzer wanterlecher Period 178,6 Stonne geschéngt, soss sinn et 173,7 Stonnen – wat e gerénge Plus vun 2,8% ausmécht – also och iwwerkuckbar an eigentlech ganz normal.

De meteorologesche Wanter ass also iwwerstaanen, gëtt et dann elo schonn Zäit fir Fréijoerswieder?

Wann ee sou an d’Kaarte kuckt, géif ee bal mengen. Fir haut um Dënschde sinn tëscht 8 an 11 Grad virausgesot, trotz engem groen Himmel an och méi groussflächegem Reen. De Mëttwoch gëtt warscheinlech de wäermsten Dag vun der Woch, d’Modeller si mat 15 bis 19 Grad dobäi – lokal begrenzt sinn och 20 Grad net onméiglech. De Reen verléisst eis, et stellt sech e Mix aus Sonn a Wolleken an.

Ass dat erëm eppes fir nëmme kuerz oder kanns du eis och schonn en Trend fir déi zweet Wochenhallschent matginn?

An der zweeter Wochenhallschent deet sech och net all ze vill. Et bleift bei engem Mix aus Sonn a Wolleken, déi och mol méi déck kënne ginn. De Reen bleift gréisstendeels aus, d’Maximaltemperature beweege sech quasi all Dag an enger Spaan vun 11 bis 16 Grad.

Also weiderhin iwwerduerchschnëttlech Temperaturen. De Wanter kënne mir domat jo dann eigentlech vun der Lëscht sträichen?

Nach géif ech dat net esou soen, well theoretesch sinn och nach spéitwanterlech Entwécklunge méiglech – wéi déi lescht 30 Joer et ëmmer erëm gewisen hunn. Wa mir vum aktuelle Fall ausginn, da ginn et wierklech Modellrechnungen déi a Richtung Enn Mäerz nach eng Kéier e Virstouss vu polare Loftmassen op eis duerkomme gesäit. Alles an allem ass e richtege Wanterabroch, resp. Spéitwanterabroch, awer ëmmer nach zimmlech onwarscheinlech.