Bilan: Den Dezember 2020 war ze waarm & ze naass

Och de leschte Mount vum Joer 2020 war et ze waarm. D’Nidderschléi hunn awer e bësse méi matgespillt.

Dezember 2020 war alt erëm en ze waarme Mount

Wéi spekuléiert gehat, huet sech den Dezember zu den aneren 11 Méint dobäigesellt, déi am Joer 2020 ze waarm ausgefall sinn. D’Duerchschnëttstemperatur louch bei 3,8 Grad, normalerweis läit dës an engem Dezember un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux um Findel bei 1,8 Grad. Dëst mécht also eng Differenz vu genee +2,0 Grad aus. Déi héchst Temperatur gouf den 22. Dezember 2020 mat 12,3 Grad gemooss, déi niddregst Temperatur den 11. Dezember 2020 mat -2,5 Grad. Iwwerduerchschnëttlech héich sinn och d’Reequantitéiten ausgefall. Normalerweis reent et an engem Dezember an der Moyenne 86,4 l/m², am Dezember 2020 waren et awer 119,4 l/m² (+33 l/m²). Wann ee kuckt, dass d’Joer 2020 am grousse ganzen erëm ënnert engem gréissere Reendefizit gelidden huet, ass dëse Wäert eigentlech net esou schlecht. Et huet un am ganzen 22 Deeg méi wéi 0,1 l/m² gereent, soss sinn et 16,9 Deeg.

D’Sonn huet am Dezember 2020 20,9 Stonne geschéngt, ganz 20,1 Stonne manner wéi normalerweis – wärend der Referenzperiod vu 1981 bis 2010 huet d’Sonn an engem Dezember am Duerchschnëtt wärend 41 Stonne vum Himmel geschéngt.

Wat de Wand ugeet war et de 24. Dezember 2020 mat enger maximaler Wandspëtzt vu 59,4 km/h am leftegsten.

An der Bauschelter Gemeng war et ëm 2,3 Grad ze waarm

Net nëmmen um Findel war den Dezember 2020 ee Mount, deen däitlech ze waarm ausgefall ass, mee och un der Météo Boulaide-Wiederstatioun, déi zu Baschelt installéiert ass. Déi héchst Temperatur gouf den 22. Dezember 2020 mat 12,5 Grad gemooss, de keelste Moien hate mir de 9. Dezember 2020 mat -0,9 Grad. An der Moyenne louch d’Temperatur iwwert de Mount bei 4,1 Grad, 2,3 Grad méi héich wéi et eigentlech sollt sinn. Déi niddrëgst Temperatur op Buedemhéicht ass de 5. Dezember 2020 mat -2,8 Grad gefall.

Am Dezember huet et un der Statioun u 29 Deeg op mannst 0,1 l/m² gereent/geschneit. De meeschte Nidderschlag koum den 23. Dezember mat 21,4 l/m² erof, iwwert de ganze Mount gekuckt sinn 115,6 l/m² vum Himmel komm – also just 3,8 l/m² manner wéi um Findel.

Den héchste Wandstouss ass de 4. Dezember 2020 mat 49,9 km/h aus südleche Richtunge gemooss ginn.