Bilan: Drëttwäermsten Hierscht zanter op mannst 1947

Mir hunn den drëttwäermsten Hierscht zanter op mannst 1947 erlieft. Och aus Däitschland mellt den Deutscher Wetterdienst den drëttwäermsten Hierscht zanter 1881. Dëst ass de Bilan.

Ze waarm, ze naass, ze sonneg

D’Donnéeën an dësem Artikel baséieren op deene vum staatleche Wiederdéngscht um Findel. D’Temperaturmoyennen & Ofwäichunge bezéie sech op d’Referenzperiod vu 1991-2020.

D’Temperatur

D’Duerchschnëttstemperatur am Hierscht louch bei 11,3 Grad, normal sinn awer 9,8 Grad, wat also eng positiv Anomalie vun +1,5 Grad ausmécht – e ganz däitlecht Resultat also. Et war domat also den drëttwäermsten Hierscht zanter 1947. Op der éischter Plaz bleift weiderhin den Hierscht aus dem Joer 2006, déi zweet Plaz beleet den aus dem Joer 2014.

D’Dageshéchsttemperaturen hunn et am Duerchschnëtt op 15 Grad gepackt, d’Déifstwäerter sinn op duerchschnëttlech 7,9 Grad zréckgaangen. Déi héchst Temperatur ass de 5. September mat 28,6 Grad gemooss ginn, am keelste war et den 13. November mat 0,7 Grad.

Kee vun den dräi Hierschtméint ass vun den Temperaturen hier normal ausgefall. D’Temperaturmoyenne am September louch bei 13,8 Grad, am Oktober bei 12,8 Grad an am November bei 7,2 Grad. Dat sinn also 0,5 Grad, 2,9 Grad an 2 Grad ze waarm. Den Oktober 2022 kënnt op déi zweet Plaz vun de wäermsten Oktoberen zanter op mannst 1947.

De Nidderschlag

Wat de Nidderschlag betrëfft, sinn de ganzen Hierscht duerch 267,8 l/m² Reen vum Himmel komm. Dat ass e bëssen ze vill gewiescht, normal sinn 214,5 l/m². Opgrond vum markante Nidderschlagsdefizit an de vergaangene Méint ass dëst awer e Resultat, wat een als gutt astuufe kann. Am September sinn 78,2 l/m² vum Himmel komm (normal 66,6 l/m², Anomalie +11,6 l/m²), am Oktober 101,6 l/m² (normal 76,2 l/m², Anomalie +25,4 l/m²) an am November 88 l/m² (normal 71,7 l/m², Anomalie: +16,3 l/m²). Dës Nidderschléi sinn un am ganze 49 Nidderschlags-Deeg erofkomm, d’Moyenne läit bei 45 Deeg.

D’Sonnestonnen

Am Hierscht 2022 huet d’Sonn wärend 356,1 Stonne geschéngt, soss sinn et 332,7 Stonnen. Am September goufen 181,9 Sonnestonne gezielt, normal sinn der 174,9. Och am Oktober war et méi sonneg wéi normal, 131,2 Sonnestonne goufe gezielt – den Duerchschnëtt wärend der Referenzperiod bedréit 106,7 Stonne fir en Oktober. De November war awer zur Ofwiesselung mol ënnerduerchschnëttlech: d’Sonn war nëmmen 43 stonnen ze gesinn, soss sinn et 51,1 Stonnen.

Un de ville positiven Temperaturanomalie loosse sech op ee Neits d’Indicen vum Klimawandel erausliesen.

Quell vun den Donnéeën: MeteoLux