Bilan: Och de September war ze waarm an ze dréchen

E weideren ze dréchenen an ze waarme Mount ass viru 5 Deeg op en Enn gaangen.

Ze héich Temperaturen, ze mann Reen

De September war, genee wéi de Mount/d’Méint virdrun, een ze dréchenen an ze waarmen. Wéi ëmmer gi mir elo déi eenzel Parameter duerch, ugefong mat der Wiederstatioun vu Météo Boulaide, déi zu Baschelt an der Gemeng Bauschelt situéiert ass.

Déi héchst Temperatur gouf de 15. September 2020 géint 14:40 Auer mat 31,2 °C gemooss, déi niddregst Temperatur de 07. September 2020 mat 4,7 °C um 06:20 moies. De selwechten Dag um 05:45 Auer konnt op Buedemhéicht (5 cm) eng Déifsttemperatur vun 3,3 °C festgestallt ginn. Wann ee vun der Referenzperiod vu 1981 bis 2010 ausgeet (gemooss um Findel), da war et an der Gemeng Bauschelt ëm 0,86 °C ze waarm. Normalerweis läit d’Temperaturmoyenne an engem September bei 13,9 °C.

Och a Saache Reen si mir alles anescht wéi op engem neutrale/normale Niveau erauskomm. Am ganze Mount September huet et un der Statioun un 37,6 l/m² gereent, normal sinn 75,4 l/m² – un 11 Deeg goufen op mannst 0,1 l/m² registréiert. Et hunn am Endeffekt also 37,8 l/m² Reen gefeelt, wat schonn eng Hausnummer ass.

Enn September huet et ugefong méi lefteg ze ginn. De 24. September 2020 um 23:50 ass e maximale Wandstouss vu 49,9 km/h registréiert ginn.

Och MétéoLux mellt en ze waarmen an ze dréchene September

Um Findel ass déi héchst Temperatur och de 15. September 2020 gefall, dat mat 32,2 °C. Déi niddregst Temperatur gouf de 26. September 2020 mat 6,8 Grad gemooss. Op de ganze Mount gekuckt louch d’Temperaturmoyenne bei 16,7 Grad, wat 2,8 Grad iwwert dem Normalwäert läit – dëse läit nämlech bei 13,9 Grad. Och dëst ass schonn uerdentlech fir ee September.

Gereent huet et am September un 11 Deeg, wouduerch bis un de leschten Dag vum Mount 54,4 l/m² Reen zesummekomm sinn. An der Moyenne reent et an engem September 75,4 l/m². Och um Findel ass also e gréissere Reendefizit festgesallt ginn – ronn 21 l/m² hu gefeelt.

De 26. September 2020 ass e maximale Wandstouss vu 64,8 km/h aus West-Südweste gemooss ginn.

De ganze September iwwer sinn um Findel 206,2 Sonnestonne gezielt ginn. Dat sinn der 44,3 méi wéi normal.