Bis de Weekend nach iwwerduerchschnëttlech héich Temperaturen

Bis de Weekend geet et mat eisem Wieder wéi mëttlerweil gewinnt virun. Duerno kréie mir et awer mat enger Ëmstellung vun der Grousswiederlag ze dinn, wouduerch et op mannst eng Grimmel méi wanterlech bei eis gëtt.

Weiderhi mëll, spéiderhi liicht Nidderschléi duerch Passage vu Kalfront

Haut gerode mir ëmmer méi ënner Déifdrockafloss, ier eis vum spéidere Nomëtten un eng Kalfront aus Westen ëmmer méi no kënnt. Des sollt eis dann spéitstens an den Owesstonne passéieren, ier et hannendru rem méi roueg gëtt. Iwwerdeems ass et iwwert dem Mëttelmierraum duerch méi stabilt Héichdrockwieder zimmlech roueg.

Et bleift richteg mëll bei eis. Nach leien d’Temperaturen iwwert dem Duerchschnëtt – et ass mat 9 bis 13 Grad ze rechnen. An de Moiesstonnen zéie just e puer Wolleken duerch, mat Pech kënnen awer och rem eenzel Plaze mat méi déckem Niwwel dobäi sinn. Op alle Fall besteet d’Chance, dass sech d’Sonn nach kuerz weise komme kann, ier d’Kalfront am Laf vum Dag ukënnt. Wärend dem Passage ass och mat gerénge Nidderschlagsquantitéiten ze rechne – vill kënnt awer net erof.

De Weekend fanne méi kill Loftmassen de Wee op Lëtzebuerg (GFS – wxcharts.com)

Muer um Donneschden zitt e klengt Déif vum Atlantik hier laanscht de Weste vun de briteschen Inselen, wouduerch un der Waarmfront vum Déif weiderhi mëll Loftmassen op Mëtteleuropa – a soumat och Lëtzebuerg – gedriwwe ginn. Dat ass de Grond, firwat eis Temperaturen et ëmmer nach op 8 bis 12 Grad packen.

Méi kill Loftmassen de Weekend

Wéi schon op der Facebooksäit vu Météo Boulaide betount gehat, gëtt et um Weekend selwer rem méi kill. Grond dofir ass eng (méiglecherwies just kuerzzäiteg) Ëmstellung vun der Grousswiederlag (Pattern Change). En Héich, wat sech iwwert de briteschen Insele positionéiert, blockéiert d’Zoufuer vu mëllen a fiichte Loftmassen, déi vum Atlantik kommen. Ënnert anerem duerch séng Gréisst an och déiwe Loftdrock nordëstlech vum Héich gëtt kill Loft aus dem héije Norden op Lëtzebuerg gelenkt.

De Weekend iwwer maachen eis Temperaturen also e klenge Krack no ënnen an haaptsächlech an de Nuechte kann et rem fir Frascht oder och glat Stroossen duergoen. Méi zu de Prognose fannt Dir ënnert dësem Link.