Et ware méi lefteg Stonne virausgesot, wat een dës Kéier besonnesch an der Südhallschent vum Land gutt gemierkt huet.
Um Dënschden huet sech e klengt Stuermdéif vun de britteschen Inselen iwwer d’Nordséi a Richtung Norddäitschland beweegt. Dës Stuermdéifer droen hiert Stuermfeld südlech vum Kär; de Grond fir dat leftegt bis stiermescht Wieder zu Lëtzebuerg. Anescht wéi soss, war dës Kéier mol eng Kéier de Süden méi dovu betraff wéi de Norden.
Virausgesot ware Vitesse vun tëscht 50 a 75 km/h, punktuell och mol 80 km/h. De Wand huet sech am Gros vum Land un dës Vitesse gehalen, mee et gouf eng gréisser Ausnam. Un der Kachelmann-Statioun vun der Fondation Pescatore ass en orkanaartege Wandstouss vun 104 km/h opgetrueden. Kuckt een déi ëmleiend Statiounen, da mierkt ee séier, dass och un dësen déi héchst Vitesse vum ganze Land gemooss goufen. Verantwortlech dofir war e klengt Schauergebitt, wat géint 14 Auer aus Westen an d’Land eragezunn ass a sech bis 14:40 ënner Verstäerkung an den Oste verlagert huet. Géint 14:35 Auer louch dës méi kräfteg Schauer iwwert dem Groussraum vun eiser Haaptstad – den Zäitpunkt vum Wandstouss un der Pescatore-Statioun.
Un der Intensitéit um Radarbild erkennt een, dass et sech wuel ëmt e sougenannte “vertikalen Impulstransport” gehandelt huet – heescht, dass de Wand fir e kuerze Moment aus méi héije Loftschichten op de Buedem erofgemëscht ginn ass.
Zu Kënzeg huet dëst Schauergebitt e Stuermstouss vun 80 km/h generéiert, um Findel an och zu Beetebuerg waren et 76 km/h. Eréischt duerno kommen d’Statiounen aus dem Norden (och onofhängeg vum Schauergebitt): un der ASTA-Statioun zu Eschduerf goufe 74 km/h gemooss, zu Ell an zu Wolz waren et 70 km/h.