Bis zu 20 Grad de Weekend

Ufanks der Woch lounge mir schon ënnert dem Afloss vu méi mëlle Loftmassen, deen awer schon haut ë bësse schlapp gemaach huet. Och haut ass esoueen Daag – D’Fréijoer mëcht vir een Daag Paus, ier ët de Weekend awer opdréint. D’Sonn wärt awer leider nët stännëg um RDV sinn.

Um Freiden wärten d’Temperature rëm klammen, ët ass mat Maximalwerter vun 12 bis 16 Grad ze rechnen. Ët wärt déi meecht Zäit sonnëg sinn an ët si keng Nidderschléi ze erwaarden. Um Samsden gëtt ët nach e Stéck méi waarem, 14 bis 20 Grad sinn ze erwaarden. Ët si scho méi Wollécken ënnerwee, drëche bleiwe sollt ët awer trotzdem.

Eng kleng Ännerung gëtt ët awer de Sonndën: Aktuelle Modellrechnunge gëtt ët zwar genee sou waarem wéi um Samsden, allerdéngs si vill méi Wollécken ënnerwee. D’Sonn kënnt just nach heiansdo duerch. De Schauerrisk sollt awer geréng bleiwen.

Ab der neier Woch si sëch d’Modeller alles aneschters wéi sëcher, wéi ët virugeet. Mir hunn zwou Varianten: Entweder ët bleift mat ëm déi 20 Grad mëll, oder mir faalen zréck op ëm déi 10 Grad am Daag waat déi zweet Variant wier.