Bis zu 25 Grad? D’Fréijoer ass zréck zu Lëtzebuerg!

Um Mëttwoch ass et nach eng Zäit gro an et kann heiansdo nach bësse naass ginn. Spéitstens vum Donnëschden un ass dat awer eriwwer.

D’Temperature vun däitlech iwwer 20 Grad

Wéi erwaart, ginn déi kill Loftmassen, déi mir de Weekend iwwert eise Käpp hänken haaten, verdriwwen. Um Méinde konnten un der Wiederstatioun vu Météo Boulaide scho rem Maximalwerter vu bis zu 15,4 Grad registréiert ginn. Den Dënschde war mat 13,3 Grad nëmmen e klengt Stéckche manner mëll.

Dës Werter wärten an de nächsten Deeg awer bei wäitem getoppt ginn, an daat am ganze Land. Virdéicht musse mir awer nach duerch de Mëttwoch, wou et nach e puer Schéinheetsfeeler ginn. Et ass bis an de Nomëtten eran nach oft gro, eventuell kann et plaazeweis nachengkéier naass ginn. D’Temperaturen areechen awer e Maximum vun 13 bis 18 Grad. Ab dem spéidere Nomëtte ka sech d’Sonn mat Chance dann ëmmer besser weise komme, bis se ënnergeet.

Vum Donnëschden un ass da mam richteg gudde Wieder ze rechnen. Bis de Freiden ass et meechtens kloer bis nëmme liicht wolléckeg. D’Temperature klammen um Donnëschden op 16 bis 21 Grad, de Freide sollen et der 18 bis 23 Grad sinn.

Klengen Donnerwiederrisk de Weekend?

Vir de Weekend gesinn d’Modeller och eng kleng Wahrscheinlechkeet vun eenzelnen an enk begrenzte Schaueren oder och Donnerwiederen. Et gesäit awer dono aus, wéi wann et gréisstendeels drëche bleiwe sollt. Sollt et zu enger Donnerwiederlag kommen, da gitt Dir dat natierlech gewuer.

D’Temperature sollen op alle Fall weider klammen an um Samsde bei engem Sonn- Wolléckemix 20 bis lokal begrenzt 25 Grad areeche kënnen. Um Sonnde si mat Chance e puer manner Wollécken ënnerwee, dat bei 17 bis 24 Grad.