Bléck iwwert de Weekend eraus: Wéi lang hält d’Héichdrockbréck?

Haut um Freiden ass et souwäit. Nodeems am Laf vum Mëtten/Nomëtten eng Kalfront iwwer Lëtzebuerg zitt, kommen aus Nordweste méi kill Loftmassen eragefloss. Duerno breet sech héije Loftdrock iwwert eise Käpp aus, deen zimmlech wahrscheinlech bis an déi nächst Woch era bei eis bleiwe wäert.

Duerch Zesummespill vun Héich an Déif kill Loftmasse fir Lëtzebuerg…

…haaptsächlech muer um Samsde klappt dest zimmlech gutt – dat, well en Héich, wat mat séngem Kär méi oder manner iwwer Irland läit, an en Déif mam Kär nordëstlech vun Dänemark, gutt mateneen harmonéieren. Well en Héich mat der Auer dréint an en Déif dogéint, gräifen déi zwee quasi wéi Zännrieder aneneen, wouduerch an der Héicht kill Loftmassen direkt aus dem héije Norden an eis Géigenden transportéiert ginn. Dat Héich, wat do matwierkt, ass iwwrëgens och dat, wat ufanks der neier Woch eng Héichdrockbréck ausbilde wäert, déi sech bis an de méi wäiten Oste vun Europa erstrecke wäert.

Wat bedeit dat elo? Vum Weekend un gëtt et, wéi scho gesot, däitlech méi kill. Mir komme sou lues rem vun eiser bal “Gewunnecht” erof, dagsiwwer Temperature vun 10 Grad an driwwer ze hunn. Muer um Samsde sollen et nach 3 bis 6 Grad sinn, de Sonnden 3 bis 7 Grad. An der neier Woch geet et mat ähnleche Wäerter virun. Et ass méi an de Nuechte, wou et méi wanterlech gëtt. An der nächster Nuecht weist sech et nach net grad esou, mee spéitstens an der Nuecht op de Sonnden ass op éischte Plaze rem mat Frascht ze rechnen. Et soll op 1 bis -1 Grad zréckgoe, genee wéi och an der Nuecht op de Méinden.

D’Situatioun um Sonnden: Duerch Héich iwwer Irland an Déif iwwer Schweden méi kill (GFS – wxcharts.com)

GFS vs. ECMWF

Wéi et de Moment ausgesäit, soll sech den héije Loftdrock nach e gutt Stéck an déi nächst Woch era bei eis halen. Wa mir Chance hunn – an de Niwwel léist sech den Dënschden an de Mëttwoch brav op – kréie mir et méiglecherweis mat vill Sonn ze dinn. An de Nuechte wier weiderhi Frascht dobäi an och glat Stroosse kënnen optrieden.

Geet et dem europäesche Modell ECMWF no, géif sech dat rouegt Héichdrockwieder bis nächst Woch de Freide bei eis halen. Den amerikanesche GFS gesäit scho vum Mëttwoch/Donneschden u Stéierungen op eis duerkommen. Probéiert een also op e gréngen Zweig ze kommen, da kann ee scho soen, dass et bis de nächste Mëttwoch tendenziell mol mat enger gréisserer Wahrscheinlechkeet bei Héichdrockwieder bleiwe sollt.

Wéi laang hält sech d’Héichdrockbréck? Oneenegkeeten tëscht de Modeller (GFS – wxcharts.com)