Bléck op de Weekend: A klenge Schrëtt ëmmer manner naass & méi waarm

De Weekend iwwer fänkt et lues a lues un, ëmmer manner ze reenen. Sonneg Momenter huelen zou an d’Temperature maache sech lues op de Wee a Richtung Summer.

Um Freiden an och um Samsde ka punktuell mol nach e Schluet erofkomme, vill ass awer net ze erwaarde. Vum Sonnden u gëtt et däitlech méi dréchen an d’Temperature maachen e gudde Krack no uewen.

Freiden, 19. Juni 2020

De Freidemoien ass et liicht wollekeg, plazeweis si rem e puer Niwwelfelder méiglech. D’Temperature leien tëscht 12 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op 15 bis 19 Grad erop. Et gëtt ëmmer méi wollekeg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 19 bis 23 Grad areecht, et sinn eng ganz Partie Wolleken ënnerwee. Dotëscht ka sech d’Sonn zwar heiansdo weise komme, mee grad esou gutt si lokal begrenzt eenzel Schauere net onméiglech, genee wéi och mol déi eng oder aner Blëtzentluedung. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Westen, an de Spëtzte gi 35 km/h areecht. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 14 bis 11 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg. Méi spéit kläert et op alle Fall op.

De Weekendwieder vun uewe gekuckt (ECMWF / wxcharts.com)

Samsden, 20. Juni 2020

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 12 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op 15 bis 19 Grad erop. Et gëtt méi wollekeg, et besteet eng kleng Schauerwarscheinlechkeet. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 18 bis 23 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis bësse spierbar aus Nord- Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Sonn a Wolleke wiessle sech of, punktuell begrenzt ka sech mol eng Schauer forméieren. Op de meeschte Plaze bleift et awer dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 14 bis 11 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg. AN der Nuecht selwer kläert et souguer op.

Sonnden, 21. Juni 2020

De Sonndemoien ass den Himmel meeschtens kloer, d’Temperature leien tëscht 14 a 16 Grad a klammen am Virmëtten op 17 bis 20 Grad erop. Et gëtt e bësse méi wollekeg, mee d’Sonn huet d’Iwwerhand Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 21 bis 24 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Westen. An de Spëtzte gi 35 km/h areecht. Et zéien e puer Wolleken duerch, et besteet eng minimal Schauerwarscheinlechkeet. Um Owend an an der Nuecht geet des erëm zréck, d’Temperature falen op 15 bis 12 Grad. Et si nach e puer Wolleken ënnerwee.