Bléck op de Weekend: Ab dem Samsde rem 28 Grad an opwärts

Nodems et um Donneschden e gutt Stéck ofkillt, bleift et och um Freide nach däitlech méi kill wéi an den Deeg virdrun. Réicht ab dem Samsde gëtt et scho lues a lues méi waarm.


Ab dem Samsde rem méi waarm Loftmassen

De Weekend wärt et bei engem klenge Schauerrisk gréisstendeels drëche bleiwen, dat bei engem Mix aus Sonn a Wollécken, déi heiansdo nach e besse méi déck ausfaale kënnen. Mir geroden ënner liichten Héichdrockafloss.

Freiden, 21. Juni 2019

De Freidemoien ass et liicht wolléckeg, d’Temperature leien tësche 9 a 15 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 16 bis 19 Grad erop, et ass meeschtens liicht wolléckeg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 19 bis 23 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Nordweste mat Spëtzte vun 30 km/h. Sonn a Wollécke wiessle sech of an et sollt drëche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 13 bis 7 Grad zréck, et gëtt an der Nuecht e bësse méi wolléckeg. De Schauerrisk ass awer nëmme kleng.

De Verlaf vum Weekend vun uewe gesinn – GFS (wxcharts.com)

Samsden (Virowend), 22. Juni 2019

De Samsdemoien ass et liicht wolléckeg bis lokal begrenzt e bësse méi bedeckt. D’Temperature leien tëschen 10 a 16 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 18 bis 23 Grad erop, et ass ëmmer nach méi wolléckeg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 23 bis 28 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Osten. An de Spëtzte gi 35 km/h areecht. Et besteet elo e klenge Schauer- an Donnerwiederrisk, meeschtens soll et awer drëche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 16 bis 8 Grad zréck, et klärt op.

Nationalfeierdaag, 23. Juni 2019

De Sonndemoien ass den Himmel kloer, d’Sonn schéngt iwwer Bierg an Dall. D’Temperature leien tëschen 12 a 19 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 21 bis 25 Grad erop, et ännert sech näischt. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 27 bis 31 Grad areecht, de Wand bléist zäitweis spierbar aus Osten. An de Spëtzte kënne 40 km/h areecht ginn. Et bleift ëmmer nach bei vill Sonn an héchstens e puer klengen an harmlose Wollécken. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 18 bis 11 Grad zréck, den Himmel bleift kloer.