Bléck op de Weekend: Ab dem Sonnde gëtt et méi frëndlech!

Dëse Weekend ass et nach gréisstendeels variabel, ier ab dem Sonnde lues a lues eng Ännerung antriede wärt.

Iwwerbléck:

Um Freide kënnt et zumols ab dem Owend zu Reeschaueren, um Samsden ass et de ganzen Dag gro an et ka mol méi laang um Stéck an zäitweis och méi staark reenen. Um Sonnde geroode mir lues a lues ënner Héichdrockafloss, deen bis an déi nei Woch unhaale wärt. Dëst bréngt eis zwar schéin a laang unhaalend sonnëg Momenter, mee schëppt gläichzäiteg och nachemol kill Loftmassen op Lëtzebuerg. Frascht kann also nach lokal an de Nuechten optrieden.

Freiden, 10. Mee 2019

De Freidemoien ass et liicht wolléckeg, d’Temperature leien tësche 6 a 9 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 9 bis 13 Grad erop, et gëtt bësse méi wolléckeg. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 12 bis 17 Grad ze rechnen, de Wand bléist meechtens schwaach bis liicht spierbar aus West-Südwesten, an de Spëtzte ginn em 30 km/h areecht. Sonn a Wollécke wiessle sech of, et bleift nach meechtens drëchen. Um Owend an an der Nuecht zitt et awer ëmmer méi zou, Reen kënnt eragezunn. Dëse kann an der zweeter Nuetshalschend och méi kräfteg ausfaalen, Wiedere si géinter Moie souguer net onméiglech. D’Temperature leien tësche 7 an 10 Grad.

De Verlaf bis de Méinde vun uewen (850 hPa Temp. ICON wxcharts.com)

Samsden, 11. Mee 2019

De Samsdemoien ass et staark bedeckt an et reent, eenzel Donnerwiedere si méiglech. D’Temperature leien tësche 7 an 11 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 8 bis 12 Grad erop, et bleift gro a naass. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 11 bis 14 Grad areecht, de Wand bléist meechtens nëmme liicht spierbar, heiansdo kann en awer och ënner Ëmstänn Spëtzte vun em 60 km/h aus Westen areechen. Et reent virun, Wiedere kënne weiderhin optrieden. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 6 bis 2 Grad zréck, an eenzelnen Däller am Norde kann et nachemol op -1 Grad zréckgoen.

Sonnden, 12. Mee 2019

De Sonndemoien ass et meechtens kloer bis liicht wolléckeg, op Koppe souwéi och an eenzelnen Däller kann et zu Niwwelfelder kommen. D’Temperature leien tëschen 2 a 7 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 7 bis 10 Grad erop, de Niwwel sollt lues a lues verschwannen. D’Sonn mecht sech bei e puer wéinege Wollécke breet an et bleift drëchen. Mëttes an am Nomëtten ass et schéi sonneg, et zéie just e puer kleng an harmlos Wollécken duerch. D’Temperaturen areechen e Maximum vu 9 bis 14 Grad, de Wand bléist zäitweis spierbar aus Nordosten. An de Spëtzte si 40 km/h ze erwaarden. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 4 bis 0 Grad zréck, am Norde kënne se an eenzelnen Däller op bis zu -2 Grad erofgoen. Glaat Stroosse si méiglech.

Hinterlasse jetzt einen Kommentar

Kommentar hinterlassen

E-Mail Adresse wird nicht veröffentlicht.