Bléck op de Weekend: An de Nuechte kënnt de Frascht zréck

D’Wieder weist sech de Moment vu ville Säiten, de Weekend geet et dann zréck op de méi fraschtege Niveau – op mannst an de Nuechten.

Grousswiederlag

Um Freiden zitt e Randdéif mat sengem Kär knapp südlech un eis laanscht a wäert mat grousser Sécherheet bis de Freidemoie selwer nach esou grouss Onsécherheeten an d’Kaarten zauberen, dass och dann nach kee wierklech soe kann, wéi den Dag gëtt. Fir de Samsden an de Sonnden ass et schonn erëm méi kloer, den Héichdrockafloss kënnt lues a lues zréck. Déi méi kill Loftmasse kommen och kuerz zréck a kënnen erëm fir fraschteg Moiesstonne suergen.

De Verlaf

Freiden, 08. Abrëll 2022

De Freidemoien ass et staark bedeckt, mee nach gréisstendeels dréchen. D’Temperature leien tëscht 2 a 6 Grad a bleiwen och am Virmëtten am selwechte Beräich. Lues a lues gëtt et aus Weste méi reenereg, spéitstens bis d’Mëttesstonn sollt sech de Reen am ganze Land verbreet hunn. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 3 a 6 Grad ze erwaarden, de Wand bléist liicht spierbar aus Ost-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. A Richtung spéidere Nomëtten a fréien Owend ginn d’Temperaturen zréck, aus dem Nidderschlag kann och mol Schnéifall ginn – je Modell kéint dëst och op méi déiwe Plaze geschéien, mee fir et ze confirméiere sinn d’Modellrechnunge nach vill ze onsécher. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 0 an 3 Grad zréck, duerch Nätzt déi fréiert ass mat glate Stroossen ze rechnen.

Samsden, 09. Abrëll 2022

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg bis bedeckt, mee meeschtens dréchen. D’Temperature leien tëscht 0 an 3 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 2 a 5 Grad erop. Et gëtt méi wollekeg, eenzel Nidderschléi sinn erëm méiglech. Dëst meeschtens als Reen, mee plazeweis och mol Flacken. Graupel an Donnerwieder si net ausgeschloss. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 6 an 10 Grad dran, plazeweis awer manner. Et ka weiderhin zu eenzelne Nidderschléi kommen, dotëscht sinn awer grad esou gutt eenzel sonneg Momenter méiglech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -2 an 1 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg. Duerch Nätzt déi fréiert kënne glat Stroosse net komplett ausgeschloss ginn.

Sonnden, 10. Abrëll 2022

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht -1 an 1 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 4 a 6 Grad erop. Et gëtt no a no manner wollekeg, d’Sonn kritt also besser Chancen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 9 an 13 Grad ze erwaarden, et gëtt erëm méi wollekeg. Et sollt trotzdem gréisstendeels dréche bleiwen. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten, an de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -1 an 3 Grad zréck, et kläert op.