Bléck op de Weekend: Bësse méi waarm, onbestänneg um Sonnden

De Weekend iwwer wäert eisen Héichdrockafloss ofhuelen. Wann een a Richtung Sonnde kuckt, sinn och Donnerwieder net ausgeschloss.

Grousswiederlag

Haut um Freide leie mir nach gréisstendeels ënner Héichdrockafloss. Dësen erstreckt sech vum Atlantik hier iwwer Mëtteleuropa bis zréck erof iwwert den italienesche Raum. De Samsde verlagert sech en Déif an de Weste vu Frankräich, wat nach keng gréisser Ännerung fir eis bedeit. Réischt um Sonnde spillt dëst Déif och bei eis eng Roll, wat sech a Form vun enger Front bestoend aus Schaueren an och mol engem Donnerwieder bemierkbar mécht.

Freiden, 24. September 2021

De Moien ass et oft méi gro, dobäi sinn och nach Niwwelfelder méiglech. D’Temperature leien tëscht 11 an 13 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 14 a 16 Grad erop. Et ännert sech net all ze vill. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 17 an 21 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et gëtt just a klenge Schrëtt manner wollekeg, mee d’Sonn kritt sech mat Chance och mol nach gewisen. Et bleift gréisstendeels dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 9 an 11 Grad zréck, den Himmel kläert op.

Samsden, 25. September 2021

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 9 an 12 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 14 a 17 Grad erop. Et bleift gréisstendeels frëndlech. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 20 a 24 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südosten. An de Spëtzten ass e mat 20 km/h ënnerwee. Et zéien e puer eenzel Wolleken duerch, et bleift awer nach gréisstendeels frëndlech. Um Owend gëtt et méi wollekeg, an der Nuecht op de Freide kënne ganz lokal Nidderschléi net ausgeschloss ginn. D’Temperature ginn op tëscht 12 a 15 Grad zréck.

Sonnden, 26. September 2021

De Sonndemoien ass et zimmlech wollekeg, d’Temperature leien tëscht 13 a 16 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 16 an 18 Grad erop. Et gëtt ëmmer méi wollekeg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 19 an 23 Grad ze erwaarden, dobäi ass mat Schaueren ze rechnen – och mol en Donnerwieder mat Staarkreen ka virkommen. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 12 a 16 Grad zréck, d’Wolleke bleiwen.