Bléck op de Weekend: Bis de Sonnde nach Déifdrockafloss

Bis de Sonnde wäert eis dat meeschtens wollekegt an oft naasst Wieder am Grëff halen.

No de knapp 26 Grad vum leschte Weekend si mir rem an e Beräich vu meeschtens tëscht 13 a 17 Grad zréckgerëtscht – an et geet sou weider. Bis de Sonnden ass un den Temperature keng Ännerung ze erwaarden, dobäi bleift et meeschtens wollekeg bei enger Partie Schaueren. Mee keng Angscht: trotz allem sinn och méi frëndlech Momenter méiglech.

Freiden, 18. Oktober 2019

De Freidemoien ass et staark bedeckt an et kënnt virdéischt mol nach zu liichte Nidderschléi a Form vu Gefisems oder liichtem Reen. D’Temperature leien tëscht 10 a 14 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi wäit. Et bleift gro a naass. Mëttes an am Nomëtte gëtt et a klenge Schrëtt manner wollekeg an och de Reen léisst no a no no. D’Temperature packen et op 13 bis 17 Grad. De Wand bléist spierbar aus Südwesten a ka Spëtzte vu 50 km/h areechen. Um Owend an an der Nuecht gëtt et aus westleche Richtunge rem méi gro, de nächste Reen léisst awer nach e bëssen op sech waarden. D’Temperature falen op 12 bis 9 Grad.

D’Loftmasseverdeelung bis de Sonndenowend (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 19. Oktober 2019

De Samsdemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 8 an 12 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 10 bis 14 Grad erop, et ass mat kenger Ännerung ze rechnen. D’Wolleke bleiwe bei eis an et reent ëmmer rem. Mëttes an am Nomëtte klammen d’Temperaturen op e Maximum vun 12 bis 16 Grad, de Wand bléist liicht spierbar aus Südweste mat Spëtzte vu 35 km/h aus Südwesten. Et bleift naass. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 11 bis 8 Grad zréck, et ass ëmmer nach bedeckt mee de Reen léisst ëmmer méi no.

Sonnden, 20. Oktober 2019

De Sonndemoien ass den Himmel nach staark wollekeg, d’Temperature leien tëscht 8 an 11 Grad. Et bleift meeschtens drëchen. Am Virmëtte klammen d’Wäerter op 10 bis 13 Grad erop, d’Wolleke lossen e klengt Stéck no. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 12 bis 15 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Südoste mat 25 km/h. Et ass meeschtens wollekeg, just mat vill Chance ass mol e sonnege Moment dobäi. Reen ass keen ze erwaarden. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 11 bis 8 Grad zréck, et gëtt lues a lues manner wollekeg.

Hinterlasse jetzt einen Kommentar

Kommentar hinterlassen

E-Mail Adresse wird nicht veröffentlicht.