Bléck op de Weekend: Bis de Sonnde nach frëndlech, duerno Changement

De Weekend steet ganz am Zeeche vun héijem Loftdrock – schonn vum Méinden u wäert dat Ganzt awer op kenge stabile Been méi stoen.

Grousswiederlag

Um Freide gëtt eist Wieder vun engem Héichdrockgebitt bestëmmt, wat zum engen e schwaache Kär am Beräich vun der Ostséi huet. Den Haaptuersprong fanne mir awer iwwer Russland, dat mat engem Kärdrock vu bis zu 1040 hPa. Vum Atlantik hier kënnt e weidert Héichdrockgebitt ugerauscht, wat vum Samsden op de Sonnden eng Bréck zu dem aneren Héich iwwer Russland hierstelle wäert. D’Resultat dovun: e frëndlechen a rouege Weekend. Wat awer typesch fir Héichdrocksituatiounen am Hierscht ass: de Niwwel ka sech plazeweis méi laang hale, wéi an de Prognosen eigentlech betount.


Iwwert de Weekend stabiliséiert sech den Héichdrockafloss nach kuerz, ier schonn erëm e Changement usteet. | Animatioun: wxcharts.com

Duerch en Déif, wat am Laf vum Méinden iwwert der Ostséi wäert ënnerwee sinn, gëtt et méi onbestänneg. Et fléissen och däitlech méi kill Loftmassen eran, déi eng Partie Schaueren an eventuell och Donnerwieder iwwer Mëtteleuropa provozéiere wäerten.

Freiden, 08. Oktober 2021

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, plazeweis sinn awer erëm méi déck Niwwelfelder dobäi. Eis Temperature leien tëscht 3 a 7 Grad, op eenzelne Plazen ass et awer nach méi kill: d’ASTA-Statioun zu Breedelt mellt 0,6 Grad, Ueschdrëf ass mat 1,3 Grad dobäi. Am Virmëtte sollten d’Temperaturen da gréisstendeels op tëscht 10 an 13 Grad uklammen iwwerdeems et manner niwwleg gëtt. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 15 a 19 Grad ze erwaarden, laanscht d’Musel sinn och mol 20 Grad net ausgeschloss. De Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nordosten, an de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et bleift schéi frëndlech, et zéien e puer eenzel Wolleken duerch. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 5 an 8 Grad zréck, plazeweis erëm drënner. Den Himmel ass erëm kloer, Niwwelfelder ginn och erëm en Thema.

Samsden, 09. Oktober 2021

De Samsdemoien ass den Himmel gréisstnedeels kloer, lokal sinn e puer Niwwelfelder dobäi. D’Temperature leien tëscht 6 an 8 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 10 an 13 Grad erop. Et bleift frëndlech, soubal de Niwwel fort ass kritt sech d’Sonn perfekt duerchgesat. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 15 an 18 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Ost-Nordosten. An de Spëtzten ass em mat 30 km/h dobäi. Et bleift frëndlech bei vill Sonn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 3 a 6 Grad zréck, den Himmel bleift kloer. Lokal kommen erëm Niwwelfelder dobäi.

Sonnden, 10. Oktober 2021

De Sonndemoien ass et kloer bis plazeweis staark niwwleg, d’Temperature leien tëscht 3 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 8 an 10 Grad erop. Et bleift frëndlech, an et gëtt nach besser soubal de Niwwel fort ass. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 14 an 18 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Nord-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 20 km/h ënnerwee. Et bleift frëndlech bei vill Sonn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 4 an 8 Grad zréck, lokal sinn erëm Niwwelfelder dobäi.