Bléck op de Weekend: Dagsiwwer bis em 10 Grad, glat Stroossen ëmmer manner relevant

Et gëtt rem no a no méi waarm zu Lëtzebuerg. Och an de Nuechte wäert sech dat bemierkbar maache, well et demnächst ëmmer manner oft zu glate Stroossen oder Buedemfrascht komme wäert.

Déiwe Loftdrock um Atlantik, héije Loftdrock iwwer Russland

D’Wiederlag, déi sech an de nächsten Deeg astellt, léisst et net zou, dass et weiderhi wanterlech bleift. Duerch déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik an héije Loftdrock iwwert dem Oste bleift et éischter variabel an et kënnt méi oft zu der Zoufuer vun zwar heiansdo naasse, mee ze mëlle Loftmassen.

Freiden, 22. November 2019

De Freidemoien ass den Himmel oft gro, dobäi ass mat Niwwel an och mol liichte Nidderschléi a Form vu Fisemreen ze rechnen. D’Temperature leien tëscht 3 a 5 Grad a klammen am Virmëtten op 3 bis 6 Grad erop. Et bleift meeschtens wollekeg oder niwwleg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 6 bis 9 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Oste mat Spëtzte vun 30 km/h. Mat vill Chance ka sech d’Sonn weise kommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 6 bis 3 Grad zréck, aus dem Weste kommen déck a kompakt Wolleken op Lëtzebuerg gezunn. Reene sollt et awer net.

De Weekend gëtt iwwerduerchschnëttlech waarm (GFS / wxcharts.com)

Samsden, 23. November 2019

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, d’Temperature leien tëscht 3 a 6 Grad. Am Virmëtte klamme se op 4 bis 7 Grad erop, trotz dem groe Wieder sollt et net reenen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 7 bis 10 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Osten. An de Spëtzte gi 25 km/h areecht. Et bleift meeschtens wollekeg, grouss Ännerunge sinn also keng ze erwaarden. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 7 bis 4 Grad zréck, et gëtt lues a lues manner wollekeg. Mat Chance kann et méi spéit och opklären.

Sonnden, 24. November 2019

De Sonndemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, demno wéi awer och plazeweis déck gro duerch Niwwel. D’Temperature leien tëscht 5 an 8 Grad a klammen am Virmëtten op 6 bis 9 Grad erop. Do wou sech de Niwwel opgeléist kritt, ka sech d’Sonn weise kommen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 8 bis 11 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Weste mat Spëtzte vu 35 km/h. Et gëtt ëmmer méi bedeckt, Schauere sollten awer ausbleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 8 bis 5 Grad zréck, et gëtt rem fir eng kuerz Zäit manner gro.