Bléck op de Weekend: De Samsde gëtt de viraussiichtlech schéinsten Dag

Vum spéidere Freiden u bis an de Samsden era mécht sech héije Loftdrock bei eis breet. Dëse bleift awer net besonnesch laang.

Fir d’lescht aktualiséiert: Donneschden, 29. Oktober 2020 – 23:22 Auer

Héichdrockafloss just vu kuerzer Dauer

D’Gesamtbild ännert sech net wierklech: mir bleiwen ëmmer nach ënner enger Westwiederlag. De Weekend ka sech just wärend enger kuerzer Zäit héije Loftdrock breetmaachen, an zwar haaptsächlech vum spéidere Freidenowend u bis an de Samsdenomëtten eran.

Freiden, 30. Oktober 2020

De Freidemoien starte mir gro an den Dag eran, dat duerch Wolleken an och mol Niwwelfelder. D’Temperature leien tëscht 10 an 13 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi wäit. Et ännert sech näischt, et bleift gréisstendeels gro. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 12 bis 16 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus West- Südwesten. An de Spëtzte si 40 km/h ze erwaarden. Trotz de ville Wolleke soll et quasi net reenen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 9 bis 7 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg. Spéiderhi kann et opkläeren, haaptsächlech an den Däller si Niwwelfelder méiglech.


Iwwert de Weekend gi waarm Loftmassen ugezapt | Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 31. Oktober 2020

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg, plazeweis sinn och erëm Niwwelfelder dobäi. D’Temperature leien tëscht 8 an 10 Grad a klammen am Virmëtten op 10 bis 12 Grad erop. Do wou de Niwwel schonn fort ass kritt sech d’Sonn ouni Problemer duerchgesat. Soss ass et awer nach gréisstendeels gro. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun 13 bis 16 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar aus Süd-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. D’Sonn bleift bei eis an et reent net. Um Owend an an der Nuecht gëtt et aus Westen erëm lues a lues méi gro, an der zweeter Nuetshallschent soll et erëm lues mam Reen ugoen. D’Temperature ginn op 13 bis 10 Grad zréck.

Sonnden, 01. November 2020

De Sonndemoien ass den Himmel zou an et reent, d’Temperature leien tëscht 10 an 13 Grad a klammen am Virmëtten op 12 bis 14 Grad erop. Et bleift bedeckt a naass. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 14 bis 17 Grad ze rechnen, et reent ëmmer nach. Zäitweis kann de Reen och mol méi staark ginn,d at bei Wandspëtzte vu bis zu 65 km/h aus Südwesten. Um Owend an an der Nuecht killt et net wierklech of, d’Wäerter pendle sech tëscht 13 a 16 Grad an. Et bleift bedeckt an zäitweis naass.