Bléck op de Weekend: Den Hierscht kënnt zu Lëtzebuerg un

De Weekend war et dat definitiv mat de spéitsummerlechen Temperaturen. Et gëtt ëm gutt 10 Grad méi kal.

De Weekend mecht sech den ugekënnegte Wiederëmschwong eréischt esou richteg bemierkbar. D’Reewarscheinlechkeet ass däitlech méi héich wéi an de leschten Deeg, d’Sonn kënnt sech net méi esou oft weisen, de Wand ass méi aktiv an eis Temperature wäerten ëm 10 Grad méi déif leie wéi mir et bis ewell gewinnt waren.

Freiden, 25. September 2020

De Freidemoien ass den Himmel meeschtens wollekeg, d’Temperature leien tëscht 5 an 10 Grad. Et kann zu liichte Nidderschléi wéi z.B Niwwel kommen. Am Virmëtte klammen d’Temperaturen op 8 bis 12 Grad erop, et ass weiderhi meeschtens gro an och naass. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 8 bis 14 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis awer spierbar aus Westen. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. Et bleift bedeckt, ëmmer rem kann et reenen. Och mol en Donnerwieder ka net ausgeschloss ginn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 9 bis 5 Grad zréck, et bleift bedeckt a naass.


De Verlaf vun de Loftmasse bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 26. September 2020

De Samsdemoien ass et meeschtens wollekeg, och Schauere si scho méiglech. D’Temperature leien tëscht 6 a 9 Grad a klammen am Virmëtten op 7 bis 10 Grad erop. Et bleift bedeckt an zäitweis naass. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 9 bis 13 Grad areecht, de Wand bléist méisseg aus West- Nordwesten. An de Spëtzte gi 50 km/h areecht. Et bleift wollekeg an et reent och virun. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 8 bis 5 Grad zréck, et ass mat méi staarkem Reen ze rechnen.

Sonnden, 27. September 2020

De Sonndemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 7 an 10 Grad a klammen am Virmëtten op 8 bis 11 Grad erop. Et ännert net vill, et bleift wollekeg a naass. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 11 bis 14 Grad areecht, de Wand bléist zäitweis spierbar aus West- Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. De wollekegen Himmel an och d’Schaueren hale mir bäi. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 14 bis 10 Grad zréck, et ass keng Ännerung a Siicht.