Bléck op de Weekend: D’Temperature ginn a Richtung 15 Grad

De Weekend iwwer leie mir weiderhin ënnert enger Westwiederlag. Meeschtens gi mëll a fiicht Loftmasse vum Atlantik an eis Richtunge gelenkt, wouduerch eis Temperaturen an en däitlech ze waarme Beräich klammen.

Grousswiederlag bleift déi selwecht

De Weekend iwwer bleiwe mir ënnert der zyklonaler Westwiederlag. Duerch dës gi net nëmme fiicht, mee och mëll Loftmassen op Lëtzebuerg gelenkt. D’Temperature leien dobäi däitlech iwwert der laangjähreger Moyenne – e Wanterabroch erliewe mir also net.

Freiden, 31. Januar 2020

De Freidemoien ass et staark bedeckt, et kann och méi oft décke Niwwel dobäi sinn & Nidderschléi a Form vu Fisemreen. D’Temperature leien tëscht 8 an 12 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi wäit. Et bleift meeschtens gro. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 9 bis 13 Grad ze rechnen, de Wand ass zäitweis spierbar aus West- Südwesten ënnerwee. An de Spëtzte gi 40 km/h areecht. Trotz ville Wolleke bleift et meeschtens drëchen. Um Owend an an der Nuecht ännert sech net vill un der Situatioun. Réischt a Richtung Samsdemoie gëtt de Reen rem méi interessant.

De Verlaf vum Weekend vun uewe gekuckt (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 01. Februar 2020

De Samsdemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 8 an 12 Grad. Am Virmëtten ännert sech net vill dodrun, et bleift bedeckt a naass. De Reen kann zäitweis och méi kräfteg ausfalen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 9 bis 13 Grad areecht, de Wand bléist méisseg bis deels staark aus West- Südwesten. An de Spëtzten ass mat tëscht 50 a 75 km/h ze rechnen. Et reent weider, en eenzelt Wieder ka net ausgeschloss ginn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 9 bis 5 Grad zréck, et gëtt fir e kuerze Moment manner wollekeg a méi drëchen.

Sonnden, 02. Februar 2020

De Sonndemoien ass et meeschtens bedeckt, mee nach oft drëchen. D’Temperature leien tëscht 5 a 9 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 6 bis 11 Grad erop, aus Weste gëtt et séier méi naass. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vu 9 bis 13 Grad ze erwaarden, de Wand ass rem spierbar aus West- Südwesten ënnerwee. An de Spëtzte kann en 60 km/h areechen. Et reent weider, dat och mol méi lang um Stéck. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 10 bis 6 Grad zréck, et reent weider.