Bléck op de Weekend: D’Temperature klammen erëm kuerz a Richtung 30 Grad

Iwwer de Weekend gerode mir erëm kuerzzäiteg ënner Héichdrockafloss, deen dozou féiert, dass erëm méi waarm Loftmassen hire Wee op Lëtzebuerg fannen.

Erëm nëmme fir eng kuerz Zäit

De Weekend iwwer gëtt et erëm méi waarm, et ass mat summerlechen Temperaturen ze rechnen. Geet et den aktuelle Modellrechnunge no, da kéint et de Sonnde lokal begrenzt och fir héichsummerlech Temperaturen, also Wäerter vu knapp iwwer 30 Grad, duergoen. Duerno war et dat awer scho rem: um fréie Méinden zitt eng Kalfront duerch.

fir d’lescht aktualiséiert: 16. Juli 2020 – 19:30 Auer

Freiden, 17. Juli 2020

De Freidemoien ass et wollekeg, d’Temperature leien tëscht 12 a 15 Grad. Et ass och mat eenzelne Niwwelfelder ze rechnen. Am Virmëtte klammen d’Wäerter op 14 bis 18 Grad erop, et bleift nach meeschtens wollekeg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 18 bis 23 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nord- Nordwesten. An de Spëtzte ginn 30 km/h areecht. D’Wollekendecke gëtt méi dënn, tëschenduerch ka sech d’Sonn no a no méi oft weise kommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 15 bis 12 Grad zréck, et si just nach e puer eenzel Wolleken ënnerwee.

Samsden, 18. Juli 2020

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 14 a 17 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 18 bis 22 Grad erop, d’Sonn weist sech weiderhi bei e puer eenzelne Wolleken. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 23 bis 26 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Nordwesten. An de Spëtzte ginn 20 km/h areecht. Et gëtt e bësse méi wollekeg, d’Schauerwarscheinlechkeet geet an d’Luucht. Et sollt trotzdeem wäitgoend a meeschtens dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 17 bis 13 Grad zréck, et sinn ëmmer nach e puer Wolleken ënnerwee. Reene sollt et awer net.

Sonnden, 19. Juli 2020

De Sonndemoien ass den Himmel kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 16 an 18 Grad a klammen am Virmëtten op 20 bis 24 Grad erop. Et bleift liicht wollekeg, mee dréchen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 25 bis 29 Grad areecht, laanscht d’Musel kënnen och mol 30 Grad ugepeilt ginn. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Westen. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Am Virfeld vun enger schwaacher Kalfront gëtt et méi wollekeg an et besteet eng minimal Warscheinlechkeet vun enger Schauer. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 17 bis 13 Grad zréck, et gëtt fir eng Zäit manner wollekeg.