Bléck op de Weekend: E bësse méi mëll, Reen erëm méi rar

De Weekend gerode mir erëm e bëssen ënner Héichdrockafloss. Nieft de méi décke Wolleke ka sech d’Sonn weise kommen, de Reen ass éischter rar.

De Weekend iwwer leie mir Ufanks nach ënnert enger nordëstlecher Stréimung, ier dës am Laf vun den Deeg virdéischt op Nord a spéiderhin op Nordwest dréint.

Freiden, 16. Oktober 2020

De Freidemoien ass et meeschtens wollekeg, dobäi kann et zu liichte Nidderschléi kommen. Haaptsächlech am Südoste vum Land ass d’Warscheinlechkeet vun enger eenzelner Schauer present. D’Temperature leien tëscht 4 an 8 Grad a klammen am Virmëtten op 6 bis 9 Grad erop. Et ass mat kenger all ze grousser Ännerung ze rechnen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 7 bis 12 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et gëtt no a no manner gro, dotëscht ka sech och mol d’Sonn weise kommen. Um Owend an an der Nuecht gëtt et erëm méi gro, dat duerch Wolleke mee och eenzel Niwwelfelder. D’Temperature ginn op 6 bis 3 Grad zréck.


Mir geroden ënner Héichdrockafloss an déi kill Loftmasse bleiwe bei eis | Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 17. Oktober 2020

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg bis plazeweis gro duerch Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht 3 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op 5 bis 8 Grad erop. Et gëtt manner gro, d’Sonn kënnt sech besser weisen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 8 bis 13 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Ost- Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 20 km/h ënnerwee. Et bleift wollekeg mee gréisstendeels dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 7 bis 3 Grad zréck, Niwwel mécht sech breet.

Sonnden, 18. Oktober 2020

De Sonndemoien ass et oft méi gro duerch e puer Wolleken mee och Niwwelfelder. D’Temperature leien tëscht 3 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op 6 bis 8 Grad erop. Et gëtt manner wollekeg, d’Sonn kritt sech duerchgesat. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 9 bis 13 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach aus West- Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Et gëtt ëmmer méi wollekeg, reene sollt et awer net. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 7 bis 4 Grad zréck, et gëtt erëm no a no manner wollekeg. Niwwelfelder si méiglech.