Bléck op de Weekend: E puer Schaueren, Richtung Méinde méi drëchen

Vum Donneschden un kritt Lëtzebuerg et rem mat e puer Stéierungen a Form vun déiwem Loftdrock ze dinn. Dohier kann et demnächst tëschenduerch mol rem naass ginn.

Schauerwahrscheinlechkeet klëmmt

Duerch den Afloss vun déiwem Loftdrock kann et vum Donneschde bis de Samsden zu engem onbestännegem Wiedercharakter kommen. De Reen, deen dobäi faale wärt, kann d’Natur awer ganz gutt gebrauchen.

Freiden, 12. Juli 2019

De Freidemoien ass et meeschtens bedeckt, dobäi kann et op éischte Plaatze schon duerch Schauere naass ginn. Eng kleng Donnerwiederwahrscheinlechkeet besteet och schon. D’Temperature leien tësche 14 a 19 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 19 bis 23 Grad erop, trotz ville Wollécke ka sech d’Sonn tëschenduerch awer mol weise kommen. Mëttes an am Nomëtte si vill Wollécken ënnerwee, déi vir Schaueren an Donnerwieder suerge kënnen. Zumols am Fall vun engem Donnerwieder ass mat Staarkreen ze rechnen, duerch deen gréisster Reequantitéiten a kuerzer Zäit eroofkomme kënnen. D’Temperature klammen op e Maximum vun 20 bis 24 Grad. De Wand bléist spierbar bis méisseg aus West-Nordwest, et kënne Spëtzte vu 50 km/h areecht ginn. An Donnerwiedergéigend si punktuell och bis em 75 km/h net onméiglech, sollten awer éischter eng Ausnahm duerstellen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 14 bis 11 Grad zréck an d’Donnerwiederneigung hëlt séier of. Et gëtt ëmmer manner wolléckeg, lokal kläert et och ganz op.

Reequantitéite bis de Sonndenowend – ICON Animatioun (wxcharts.com)

Samsden, 13. Juli 2019

De Samsdemoien ass et liicht wolléckeg bis bedeckt, d’Temperature leien tëschen 12 a 15 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 16 bis 19 Grad erop, et gëtt ëmmer méi wolléckeg an d’Schauerwahrscheinlechkeet geet an d’Luucht. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 19 bis 23 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus Nord-Nordwesten. An de Spëtzte si 45 km/h ze erwaarden. Bei villen décke Wollécke kann et tëschenduerch zu kuerze sonnege Momenter kommen. Eng Schauer an och mol en Donnerwieder kënnen och optrieden. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 14 bis 10 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wolléckeg.

Sonnden, 14. Juli 2019

De Sonndemoien ass et wolléckeg, d’Temperature leien tëschen 12 a 16 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 17 bis 20 Grad erop, et gëtt lues a lues méi gro. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 20 bis 25 Grad ze rechnen, de Wand bléist ëmmer nach spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten areecht e Spëtzte vu 45 km/h. Sonn a Wollécke wiessle sech of, och wann dës e bësse méi déck sinn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Wäerter op 13 bis 8 Grad zréck.