Bléck op de Weekend: Lokal Schnéischaueren ze erwaarden

Kill Loftmasse maache sech op de Wee op Lëtzebuerg. Zumols op de Koppe vum Land kéint et an de nächsten Deeg mol rem engkéier zu Flacke kommen.

Méi kill, méi gro a méi naass

An de nächsten Deeg ass ëmmer rem mat Schaueren ze rechnen. D’Temperature spillen dëskéier awer d’Haaptroll: Et soll bis zu 8 Grad méi kill ginn, wéi et vir dës Joreszäit eigentlech normal wier. Bis de Sonnde falen d’Temperature kontinuéierlech, ier et réicht ab der nächster Woch rem biergop geet. Schauere bleiwen awer ëmmer nach am Beräich vum Méiglechen.

Freiden, 03. Mee 2019

De Freidemoien ass et meechtens liicht wolléckeg, d’Temperature leien tësche 4 an 8 Grad. A Richtung Virmëtte fannen awer séier méi déck Wollécken de Wee an eist Land, d’Temperature klamme weider op 7 bis 11 Grad. Mëttes an am Nomëtte wärte vill Wollécken ënnerwee sinn, mat vill Chance ka sech d’Sonn awer och mol kuerz weise kommen. D’Temperature packen et op Maximalwerter vu 9 bis 14 Grad. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordwesten, an de Spëtzte gi 35 km/h areecht. Ab dem spéidere Nomëtten/fréien Owend zitt et ëmmer méi zou an an der zweeter Nuetshalschend kann et och méi verbreet zu Schauere kommen. Duerch Temperaturen, déi op 5 bis 1 Grad zréckginn, kann et zumols op de Koppen am Norden zu Schnéireen oder souguer Schnéi kommen.

Esou kommen déi kill Loftmassen aus dem Norden op Lëtzebuerg (GFS / wxcharts.com)

Samsden, 04. Mee 2019

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, d’Temperature leien tëschen 1 a 4 Grad. Am Norden ass mat Schnéischaueren ze rechnen, soss am Land mat Schnéireen. Am Virmëtte klammen d’Temperaturen op 2 bis 6 Grad erop, et ka weiderhin zu eenzelne Flacke, mee primär zu Reeschauere kommen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 5 bis 9 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzten areecht en ëm 45 km/h. Et bleift bedeckt, Nidderschléi trieden awer just nach a Form vu Schaueren op. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 3 bis -1 Grad zréck, et klärt op. Glaat Stroosse kënne virkommen.

Sonnden, 05. Mee 2019

De Sonndemoien ass et liicht wolléckeg, d’Temperature leien tëschen 2 a 4 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 4 bis 7 Grad erop, et gëtt aus nordwestleche Richtunge méi wolléckeg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 7 bis 11 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Nordwesten. An de Spëtzte gi 35 km/h areecht. Et bleift bedeckt, et kënnt zu Schaueren. Eenzel sonneg Momenter sinn dotescht awer net onméiglech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 4 bis -1 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wolléckeg. Op de meechte Plaaze klärt et op, dat begleet vun engem Risk vu glaate Stroossen.