Bléck op de Weekend: Ëm 20 Grad, mee klenge Schauerrisk

D’Temperature wärte sech de Weekend am fréijoersméissege Beräich ophalen. Iwwerdeem besteet awer och eng kleng Wahrscheinlechkeet vu Schaueren.

De Weekend läit Lëtzebuerg ënner mëlle Loftmassen. D’Temperaturen um Buedem klammen also, dobäi kënnt sech d’Sonn oft weisen. Zumols den amerikanesche Wiedermodell GFS deit un, dass et zäitweis och mol zu eenzelne an enk begrenzte Schauere komme kéint.

Freiden, 29. Mäerz 2019

De Moien ass et kloer bis liicht wolléckeg, lokal si Niwwelfelder méiglech. D’Temperature leien tëschen 2 a 6 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 8 bis 11 Grad erop, d’Sonn weist sech. Mëttes an am Nomëtte behält d’Sonn d’Iwwerhand, dat bei Maximaltemperature vun 13 bis 18 Grad. De Wand bléist schwaach aus Osten, an de Spëtzten ass mat 20 km/h ze rechnen. Um Owend an an der Nuecht falen d’Werter op 6 bis 0 Grad zréck, et klärt meechtens op. Ganz lokal ka mol Niwwel optrieden.

Video vum 28. Mäerz 2019

Samsden, 30. Mäerz 2019

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, d’Temperature leien tëschen 2 a 7 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 10 bis 14 Grad erop, d’Sonn schéngt iwwer Bierg an Dall. Mëttes an am Nomëtte gi Maximalwerter vu 15 bis 20 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Südwesten. An de Spëtzte sinn em 15 km/h ze erwaarden. Am spéidere Nomëtte kommen e puer Wollécken eragezunn, et sollt awer drëche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 8 bis 1 Grad zréck, et klärt rem op.

Sonnden, 31. Mäerz 2019

De Sonndemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, d’Temperature leien tëschen 2 a 6 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 9 bis 14 Grad erop, et kommen e puer Wollécken dobäi. Mëttes an am Nomëtte wiessle sech Sonn a Wollécke meechtens of. Et wärt awer och Momenter ginn, wou d’Sonn méi laang verschwënnt. Et besteet e klenge Schauerrisk, dat bei Maximalwerter vun 13 bis 19 Grad. De Wand bléist schwaach aus Nordosten, an de Spëtzte ginn 10 km/h areecht. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 6 bis 1 Grad zréck, den Himmel klärt ëmmer méi op.