Bléck op de Weekend: Ëmmer méi gro a naass, Wand lieft op

Richteg bemierkbar mëcht sech dës Verännerung ab dem Weekend selwer, wou et Dag vir Dag méi gro, méi naass a méi lëftëg wärt ginn.

Déiwe Loftdrock mecht sech breet

Duerch d’Verbreedung vu méi déiwem Loftdrock an eise Géigende, ginn déi mëll Loftmassen, déi eis gëschter d’Rekord-Temperature bruecht hunn, a Richtung Mëttelmier a Spuenie verdrängt. Et gëtt also vir méi kill a méi fiicht Loftmasse Platz gemaach.

Freiden, 01. Mäerz 2019

De Freidemoien ass et meechtens bedeckt an et reent, d’Temperature leien tësche 5 a 8 Grad. Am Virmëtten ännert sech näischt dodrunner, weider Schauere si méigleg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximalwerter vu 5 bis 11 Grad ereecht, de Wand spierbar bis frësch aus West-Nordwesten. An de Spëtzte gi 40 km/h ereecht. Et reent manner, et bleift awer oft staark wolléckeg. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 7 bis 4 Grad zréck, et sinn emmer nach vill Wollécken ënnerwee.

Loftmasseverdeelung bis de Méinden (wxcharts.com)

Samsden, 02. Mäerz 2019

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, et kann zu liichtem Reen kommen. D’Temperature leien tësche 4 a 7 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 6 bis 8 Grad erop, et reent méi staark. Mëttes an am Nomëtten reent et mol nach verstärkt, ier et am spéidere Nomëtte manner naass gëtt. D’Temperature klammen op e Maximum vu 7 bis 11 Grad, de Wand bléist mat Spëtzte vu 40 km/h aus Südwesten. Mat Chance kënnt spéiderhin d’Sonn mol nach kuerz duerch. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 8 bis 6 Grad zréck, et gëtt rem méi naass.

Sonnden, 03. Mäerz 2019

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, Fisemreen ass méigleg. D’Temperature leien tësche 6 an 10 Grad. Am Virmëtte bleiwen d’Temperaturen an dësem Beräich, et ass ongemittlech. Mëttes an am Nomëtten gëtt et minimal méi drëchen, déi vill Wollécke bleiwen awer bei eis. Et gëtt e Maximum vun 8 bis 12 Grad ereecht, de Wand bléist méisseg aus Südwesten. An de Spëtzte gi 55 km/h ereecht. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 10 bis 5 Grad zréck, et reent verbreet.