Bléck op de Weekend: Ëmmer nach däitlech iwwer 30 Grad

Zu Lëtzebuerg ass et ëmmer nach héichsummerlech waarem – bis Mëtt nächster Woch sollt daat esou bleiwen. Wéi genee verleeft dann eigentlech de Weekend?

ICON: 850 hPa Temperatur (wxcharts.eu)

Ëmmer nach Héichsummer

Um Freide wärte nëmme wéineg Wollécken iwwert den Himmel zéie. Vum Moien un bis an de spéiden Owend eran schéngt d’Sonn, d’Temperature packen et op Maximalwerter vun 31 bis 34 Grad am Norden. An der Südhalschend vum Land kënne plaatzeweis och extrem héich Temperature vu 34 bis 36 Grad ereecht ginn. Ënner Ëmstänn ass e Grad méi souguer net auszeschléissen. De Wand bléist bei deem ganze nëmme schwaach, och wann e liicht aus nordöstleche Richtungen ze spieren ass. Nidderschléi si keng ze erwaarden, et zéie just e puer harmlos Wollécken duerch, déi d’Sonn net groussartëg stéiere sollten. An der Nuecht bleift dëst och sou, et killt op 22 bis 10 Grad of.

Um Samsde sinn e puer méi Wollécken ze gesinn, den Ënnerscheed zum Freide wärt awer net all ze grouss sinn. D’Temperature packen et nachengkéier op héich Werter vun 32 bis 36 Grad, dobäi bléist och weiderhin nëmmen e schwaache Wand aus nordöstleche Richtungen. Mëttes an am Nomëtte wiessle sech Sonn a Wollécken of, et bleift drëchen. No der kloerer Nuecht an Temperature vun tëschent 12 a 19 Grad erwaart eis och um Sonnden e frëndleche Mix aus Sonn a Wollécken. D’Temperature klamme net méi grad esou héich, bleiwen awer am héichsummerlëche Beräich. De Modeller no kann ee sech op 26 bis 31 Grad astellen. De Wand frëscht zäitweis e bëssen op a ka bis zu 45 km/h aus nördleche Richtungen an de Spëtzten ereechen.