Bléck op de Weekend: Eng Kalfront bréngt eis eng Ofkillung, Reen net iwwerall en Thema

De Weekend iwwer erwaart eis déi laang gewënscht Ofkillung duerch eng Kalfront. De Reen wäert sech awer leider weiderhin zimmlech ongläichméisseg verdeelen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer gi mir duerchgoend vun engem Déifdrockgebitt beaflosst, wat e Freide mol nach iwwert de britteschen Inselen läit. Bis e Sonnden verlagert sech dëst a Richtung Skandinavien a wäert och eist Wieder heiheem entspriechend veränneren. Op senger viichter Säit, also nach e Freiden an deels e Samsden, gi nach waarm Loftmassen an eis Géigende geschëppt. Um Samsdenowend passéiert eis dann awer eng Kalfront a mir kommen op d’Récksäit vum Déif, wat dozou féiert, dass mir ënnert eng méi kill westlech Mieresstréimung geroden – dëst ass d’Ofkillung, op déi de Moment ganz vill Leit waarden.


Um Verlaf vun de Loftmasse gesäit ee ganz gutt, wéi déi waarm Loft aus eise Géigenden erausgedréckt gëtt | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

E Freide wiessle sech Sonn a Wolleken of, d’Reewarscheinlechkeet ass weiderhin zimmlech niddereg. D’Temperature leien an de Fréistonnen tëscht 9 an 13 Grad, erreechen am Laf vum Nomëtten awer e Maximum vun tëscht 24 an 28 Grad, punktuell kéinten och nach eng Kéier 29 Grad erreecht ginn. Et bleift frëndlech a sonneg.

E Samsden ännert sech awer erëm e bëssen eppes, well sech éischtens schonn am Virfeld vun der besoter Kalfront kënne Schaueren an eenzel Donnerwieder forméieren. Duerno méi spéit am Dag, wann dann de Kalfrontpassage usteet, wier de méi héichopléisende Modeller no nach e bësse méi warscheinlech mat Schaueren an Donnerwieder ze rechnen – dës kéinten ënner Ëmstänn méi kräfteg ausfalen, dozou awer spéiderhin an engem aneren Artikel méi. Eis Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 23 a 27 Grad, et gëtt schmeier.

E Sonnden ass d’Donnerwiederloft eraus, méi stabil Loftmassen iwwerhuelen d’Rudder. Moies starte mir mat tëscht 12 a 16 Grad an den Dag eran, am Laf vum Dag sinn dann “just” nach Maximalwäerter vun tëscht 19 an 23 Grad ze erwaarden. Bei ville Wolleken an eenzelne sonnege Momenter sollt et dréche bleiwen.