Bléck op de Weekend: Et geet mëll an zäitweis naass virun

De Weekend iwwer leie mir weiderhin ënner mëllen, mee awer och fiichte Loftmassen. Et geet also änlech variabel virun wéi och an de leschten Deeg.

Advertisement

D’Grousswiederlag

En Déifdrockgebitt wandert vun den Alpen hier a Richtung Süddäitschland a wäert sech bis e Sonndenowend iwwer gréisseren Deeler vu Mëtteleuropa breetmaachen. Iwwerdeems ginn Héichdrockgebitter ronderëmt eis ëmgeleet, wat fir e variable Weekend suerge wäert. Sonn, Wolleken, Schaueren an och mol e kuerzt Donnerwieder stinn um Programm.


De viraussiichtleche Verlaf bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

E Freide starte mir mat ville Wolleken an den Dag eran, dobäi kënnt et dann och zu liichtem Reen. D’Temperature leien tëscht 7 an 10 Grad a packen et am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 12 a 15 Grad. Et bleift wollekeg an ëmmer erëm ka mol eng Schauer duerchzéien. E sonenge Moment ass dotëscht och mol dobäi. A Richtung Owend gëtt et méi dréchen.

E Samsde starte mir mat 7 bis 9 Grad an den Dag eran, am Nomëtten ass e Maximum vun tëscht 16 a 19 Grad ze erwaarden. Op de meeschte Plaze bleift et wuel dréchen, et ass just lokal wou et mol zu enger Schauer kënnt. En eenzelt Donnerwieder ass net ausgeschloss.

E Sonnde starte mir mat Fréitemperature vun tëscht 5 a 9 Grad a klammen am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 14 a 19 Grad. Sonn a Wolleke wiessle sech of, ëmmer erëm ass eng lokal Schauer méiglech. Et besteet och de Risk vun engem lokalen Donnerwieder mat Staarkreen. An der Nuecht op de Méinde bleift et erëm meeschtens dréchen.

An der neier Wiederwoch probéiert sech den héije Loftdrock vum Mëttwoch un erëm besser duerchzesetzen.